Archiv

Feuilleton / Sproocherubrik.lu

Schrëftsprooch, Grammatik a Syntax

Dajee alt! Eis Sprooch verdéngt a ka méi

François Schanen
Ausgabe: 02.01.2015
Ech weess net genee, wou d’ Partikel dajee hierkënnt, hunn awer eng kleng Iddi dovun. Da + jee, den Imperativ Eenzuel vu joen / jeeën? Ech ka meng Hypothees net beweisen. Awer wat mech méi intresséiert, dat ass de Gebrauch vun der Interjektioun an der alldeeglecher Sprooch, apaart wa se mat enger …
De Partizip II vum transitive Verb "wëssen"

Dat ass gewosst

François Schanen
Ausgabe: 12.12.2014
Ech si mir net sécher, ob den Ausdrock, dee mir haut an der Alldagssprooch sou dacks héieren, virun zwanzeg, fënnefanzwanzeg Joer grad esou vill am Gebrauch war. „Wunnen zu Lëtzebuerg ass deier, dat ass gewosst (R. Urbé). – Datt Fraen a Männer net ëmmer d’selwecht denken a reagéi-eren, dat ass …
Richtungsfunktioune vu Präpositionalgruppen

Zu Esch an an Esch

François Schanen
Ausgabe: 05.09.2014
Enn 1947: fir d’éischt war ech an der Vakanz zu Esch bei der Mamm vun engem zukënftege Schwoer. D’Bomi – sou hu mer all déi léif Witfra genannt – huet net wäit vun der Eisebunn gewunnt a vun hirer klenger flotter Stuff aus, konnt een héi­eren, wéi d’Lokomotive laanschtgezischt sinn. Ech wier …
Lëtzebuergesch als Zweetsprooch

Um Enn vun der Ausbaustreck?

François Schanen
Ausgabe: 15.08.2014
An de wëssenschaftlechen Diskussiounen iwwert de Status vun eiser Sprooch ass ëmmer nees vu linguistesche Begrëffer Rieds, déi engem ufanks ganz selbstverständlech virkommen, awer, no weiderem Iwwerleeës, scho guer net méi sou onproblematesch sinn. Haut wëll ech nach eng Kéier op dee schonn …
Online-Dictionnaire

Qui trop embrasse…

François Schanen
Ausgabe: 27.06.2014
Schwéier hutt Der et dach bestëmmt net, fir dat franséischt Sprachwuert, dat an der Iwwerschrëft ukléngt, op e gutt Enn ze bréngen. Engersäits ass et mol guer net schlecht, wann zum Beispill bei engem Regierungswiessel neie Wand an d’Segele kënnt an een sech dobäi nëmmen ze freeë brauch, datt et …
Heemesch Gefiller

Heemesch, eenheemesch & Co.

François Schanen
Ausgabe: 30.05.2014
Iwwerdeems déi vum Kulturministère ernannt a bezuelt LOD-Equipe den Utilisateure vun eiser Sprooch eppes méi zur Verfügung gestallt gëtt1, weist dat fräiwëllegt Team vun der lëtzebuergescher Wikipedia an hirem „Staminée“, wéi methodesch a wéi nëtzlech en oppent Zesummeschaffe ka sinn. Aus der …
D'Sproochesituatioun ze Lëtzebuerg

Sproochepolitik

François Schanen
Ausgabe: 09.05.2014
Déi lescht Zäit hate mer nees e puer gutt Geleeënheeten, fir eis Sprooch méi an d’Gespréich ze bréngen. Do war fir d’éischt de 60. Gebuertsdag vum Lëtzebuerger Land an dem Fernand Fehlen säi geschichtleche Panorama iwwert de Status vum Lëtzebuergeschen: Ende der Ausbaustrecke in Sicht? (d’Land, …
Zoom op d’Sprooch

Variante mat -n

François Schanen
Ausgabe: 02.05.2014
Déi lescht Zäit si mir präzis Froen iwwer Detailer vun eiser Sprooch gestallt ginn, déi bestëmmt och méi Lieser intresséieren. Haut kommen ech nees kuerz op dräi vun dëse Problemer ze schwätzen. 1) Firwat soe mer „de User’ an net „den User“? 2) Ass zwee amplaz zwéi Frënn richteg? 3) Wéi sot Der: …
Zoom op d’Sprooch

Ee gekachtent Ee a verkraschen Aen

Ausgabe: 28.03.2014
Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie um Internet, ass an hirer Lëtzebuerger Ausgab ganz nëtzlech. Och wa villes vun deem, wat do iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch gesot gëtt, inhaltlech kéint verbessert ginn, da muss een dach fir d’éischt deene Leit Merci soen, déi do hir Zäit a Wëssen hierginn. Si gi …
Phraseologie

„Dat ass totale Brach, dat huet kee Kapp a kee Schwanz“

François Schanen
Ausgabe: 21.02.2014
Sou sot de Procureur um 86. Dag vum Bommeleeër-Prozess no den Aussoe vun engem Haaptzeien. D’Urteel ass bestëmmt streng an negativ. Et besteet aus zwou Behaaptunge mat graffe volkstümleche Lëtzebuerger Ausdréck: „Dat ass totale Brach. Dat wat e vun Ufank un hei vu sech ginn huet, huet kee Kapp a …
Zoom op d’Sprooch

De Pronom „hatt“ ass Neutrum, dofir awer net neutral

François Schanen
Ausgabe: 31.01.2014
Entschëllegt, wann ech nach eng Kéier op d’Thema vum Genus/Geschlecht/Gender an eiser Sprooch zeréckkommen. E Mail vun enger Lëtzebuergerin, déi op enger schwedescher Universitéit studéiert, ass doru Schold. „Ech si Studentin“, sou presentéiert si sech, „a schreiwe mäi Magisteraufsatz iwwer …
Zesummen- oder Getrenntschreiwen

„Tréier: Pneue vun iwwer 150 Autoe futti gepickt“

François Schanen
Ausgabe: 25.10.2013
’t war bestëmmt net déi wichtegst Nouvelle aus der Groussregioun, mä den 28. August 2013 war et dat, wat d’RTL-Dageszeitung sech um Internet bei der Police op däitscher Säit erausgefëscht hat: e Schock fir déi Leit, déi dee Moie wollte mat hirem Auto fueren! Vill manner opgereegt awer hu sech …
Zoom op d’Sprooch

D’Orthographie … horizontal

François Schanen
Ausgabe: 20.09.2013
Loosst Iech nëmmen net vun der Iwwerschrëft ofschrecken! Wéi an de leschte Rubrike geet et mir haut och ëm d’Richteg-Schreiwe vun eiser Sprooch. Do kéint fir d’éischt mol geschichtlech vun deene verschiddene Systemer Rieds goen, déi am 19. an 20. Joerhonnert ausgeschafft goufen an och an …
Lëtzebuergesch Diphtongen

Standardiséiert Duebellauter

François Schanen
Ausgabe: 23.08.2013
Mat der Presentatioun vun de lëtzebuergeschen Diphtongen wëll ech haut och op eng Problematik agoen, op déi ëmmer nees mat de Begrëffer „Koi-né“, „Standardiséierung“ a „Mëttelsprooch“ higewise gëtt. Wéi sou dacks a menge Rubriken, geet et ëm dat praktescht Funktionéiere vun der Sprooch, awer an …
De Gebrauch vum "e"

Léiwen „e“, da weis eis dach, wat s de kanns!

François Schanen
Ausgabe: 09.08.2013
D’Iwwerschrëft ass en didakteschen Trick aus der flotter a gescheiter Presentatioun Mir léiere lëtze­buergesch schreiwen. E Schreif- a Liesbuch fir Grouss a Kleng, déi de Cactus fir „d’ Leit vu 7 bis 77 Joer“ erausginn huet (3. Oplo : 2005). Tatsächlech ass de fënnefte Buschtaf „e“ vun eisem ABC …
Vun der Quantitéitsregel

Vokaler … eenzel oder duebel?

François Schanen
Ausgabe: 26.07.2013
De virege Mount hate Professere mech fir eng Formatioun continue invitéiert. Ech sollt hinne bei der lëtzebuergescher Schreifweis – cf. Richteg lëtzebuergesch schreiwen1 – ënner d’Äerm gräifen. Ech sinn ëmmer frou, wann ech mat Kollegen Iwwerleeungen tausche kann. Leschten Enns awer ass eng …
D'Zuelen an de Numerus

Quantitéit(en)

François Schanen
Ausgabe: 24.05.2013
Wa vun een(t) an zwee Rieds ass – wéi a mengen zwou leschte Rubriken (cf. d’Land, 29.03.2013 an 19.04.2013) – da geet et ëm Zuelen awer och ëm d’Kategorie vum Numerus. Déi zwee – d’Zuelen an de Numerus – hu selbstverständlech eppes mat der Quantitéit ze dinn. D’Fro, déi ech haut stellen, ass, wéi …
Nominalgruppen

Zuel oder Artikel: Eent ass eent

François Schanen
Ausgabe: 19.04.2013
Wéi kann, an engem Nominalgrupp, d’Zuel „1“ (eent) vum Artikel een /eng ënnerscheet ginn? Dës Fro ass mir ewell e puer Mol gestallt ginn. Spontan hunn ech a menger Äntwert allkéiers, niewent syntaktesche Critèren, och d’Betounung berécksichtegt. D’Zuel „1“ gëtt meescht betount an een/ee …
Systematesch Entwecklungen

Eent an zwee

François Schanen
Ausgabe: 29.03.2013
Zwou Zuele si fir d’Apprenanten am LaF-Cours besonnesch schwéier, wann se mat hire Formen agefouert ginn an duerno an Nominalgruppe korrekt musse gebraucht ginn. Déi zwee Sproochelementer sinn engersäits d’Zuel „Zwee“ mat hiren dräi verschiddene Formen zwéin, zwou, zwee an d’Zuel „Eent“, déi och, …
Sockel-Genus

Fraen- an Autosnimm

François Schanen
Ausgabe: 15.02.2013
Et geet mir haut net dorëm, deem spannenden Thema nozegoen, wéi d’Fraen an enger Gendertheorie an an der Publizitéit benotzt a mëssbraucht kënne ginn, fir Autoen ze verkafen. Limitéiere wëll ech mech einfach op eng grammatesch Problematik – op de sougenannte Sockel-Genus an der lëtzebuergescher …

Mehr Treffer …