Archiv

Feuilleton / Sproocherubrik.lu

Personalpronome

Hien, si, hatt

François Schanen
Ausgabe: 23.12.2010
Geldiert? D’Iwwerschrëft erënnert un d’Konjugatiounstabellen an de Schoulbicher. Englesch: he/she/it lives. Däitsch: er/sie/ es lebt. Franséisch: il/elle vit. Lëtzebuergesch: hien/si/hatt lieft. Grammatesch ausgedréckt, handelt et sech also ëm d’Personalpro-nomen an der drëtter Persoun Singulier. …
Pronomen

Ersatzwierder

François Schanen
Ausgabe: 02.12.2010
Dir hutt et bestëmmt scho selwer an Uecht geholl: D’Grammatiker vum Lëtzebuergesche sinn heiansdo – wéinstens terminologesch – domm drun. Och wann Dir iwwerzeegt sidd, datt déi Leit, déi eis Sprooch wëlle léieren, onbedéngt musse praktesch bleiwen an trainéieren, dann ass d’Schwieregkeet dach, …
Diminutiver

Intelligenz-Bëmmercher

François Schanen
Ausgabe: 25.11.2010
Ech weess net, ob d’Lëtzebuerger méi Diminutiver op -chen gebrauche wéi hir germanesch Noperen, an deemno vläicht och méi familiär mat hirer Ëmwelt ëmginn. Jiddefalls hëlt an hire Grammairen déi sougenannt Verklengerungsform1 eng relativ grouss Plaz an. Dat läit sécher un der komplexer Formatioun …
Feminisatiounen

Aus dem Uedem senger Rëpp

François Schanen
Ausgabe: 11.11.2010
Déi lescht Rubrik iwwert de Genus am Lëtzebuergeschen huet mir eng Reaktioun abruecht. Eng Damm erkläert, si wier d’accord mat menger Grondthees, datt de Genus prioritär eng grammatesch Kategorie wier. Awer – sou schreift si weider – meng Behaaptung, datt e keng semantesch Kategorie wier, misst …
Vum Genus

Bon oder mauvais Genre?

François Schanen
Ausgabe: 16.09.2010
An alle lëtzebuergesche Grammairë gëtt am Kapitel vun de Substantiven d’Kategorie vum Genus (dt. a lëtz.: Geschlecht, fr.: genre) ernimmt mat den Ënnerscheeder vum Maskulin (männlech), Feminin (weiblech) a Neutrum (sächlech). Typesch awer ass net dës Feststellung, mä dat, wat vun den Auteuren …
Trennbar Verbecomposéeë mat lass

Alles, wat net ugestréckt ass!

François Schanen
Ausgabe: 02.09.2010
Wéi an alle Sprooche gëtt et am Lëtzebuergesche vill lexikalesch Elementer, déi jee nom Kontext a verschidde Wuertkategorië klasséiert ginn. Meescht huelen d’Fachleit an deem Fall eng Haaptklass un, a si versichen duerno z’erklären, wéi a woufir dat selwecht Element och d’Funktioun vun anere …
Komplex Adjektiver

Ural a fuschnei

François Schanen
Ausgabe: 12.08.2010
Eng Léierin aus enger Primaireschoul huet mech gefrot, ob ech net kuerz op d’Thema vun de komplexen Adjektiver – si seet Eegeschaftswierder – kéint zréckkommen. Si hätt terminologesch Problemer gehat, déi si awer séier geléist hätt, mä och Schwieregkeete fir déi verschidde semantesch Operatiounen …
Theoretesch Implikatiounen a Positiounen

Praxis a Fachexplicatiounen

François Schanen
Ausgabe: 15.07.2010
Deslescht hunn ech an enger Zeitung gelies, datt d’Lëtzebuergescht „vrun allem Hëllef bräicht, déi op d’Praxis ausgeriicht wier“. Laang a komplizéiert (a selbstverständlech dréchen!) Fachexplicatiounen – sou mengt den Auteur – géifen nëmmen eppes brénge fir Leit, déi sech ‚fachlech‘ domat wëllen …
Bildlech Bedeitunge

Knuppert a Kraachert, Krappert a Krottert

François Schanen
Ausgabe: 13.05.2010
Bekanntlech ginn d’Sproochen, wéi d’Mënsche mat hire Gesellschaften, a Gruppen agedeelt. Do ass da Rieds vun den indo-europäesche Sproochen, vu kelteschen, laténgeschen a germanesche Stammbeem, vu Kulturinselen a -mëschungen, vun allerlee Relatiounen a speziell vu Familljen: klenger a grousser, …
Imperativformen

Hei elei kuck elei

François Schanen
Ausgabe: 15.04.2010
Den Département ministériel des Sports huet sech zesumme mat der Fédération luxembourgeoise de Marche populaire e schéine Slogan ausgeduecht fir seng Campagne „Komm géi mat op de Mound!“ D’Invitatioun geet un all déi Leit, déi sech méi zu Fouss beweege wëllen an esou och de Wonsch hunn, méi gesond …
D'Wuertbildung bei de Verben

Bannerelatioun a Baussereseau

François Schanen
Ausgabe: 01.04.2010
E puer Lieser hunn op déi lescht Rubricken iwwert d’Wuertbildung bei de lëtzebuergesche Verbe reagéiert. Do ass emol, fir unzefänken, dem Lex Roth säin rtl.lu-Artikel, deen op d’Rubrik Zréck, hannescht an erëm ageet1. Leider hält hie sech net un d’Thema vun der Sproochefleeg a wäicht op …
Trennbar Verbpartikelen

Fort, ewech, weider a virun

François Schanen
Ausgabe: 18.02.2010
Vläicht wonnert Dir Iech, firwat ech nach eng Kéier op d’Thema vun den trennbare Verbpartikelen zréck­kommen a woufir ech mir extra véi­er Elementer ausgesicht hunn, déi wéi et schéngt – fir Lëtzeburgophonen an LaF-Schüler – guer net schwéier ze gebrauche sinn. Bliedere mir mol am Verbebuch1 …
Komplex Verben

„Kapitalerheijung bei Cargolux: Staat klëmmt mat eran”

François Schanen
Ausgabe: 11.02.2010
D’Iwwerschrëft hunn ech den 01.12.2009, an der Editioun vun der RTL Dageszeitung um Internet gelies. E puer Zeilen duerno dann den zweete Saz: „Dat huet déi Lëtzebuerger Cargo-Fluchgesellschaft […] matgedeelt“. Paus. Ech halen op mat liesen. Net well mech dat Thema iergendwéi kal léisst (Majo, a …
D'Wuertbildung bei de Verben

Zréck, hannescht an erëm

François Schanen
Ausgabe: 28.01.2010
Jo – ech weess – d’Wuertbildung bei de lëtzebuergesche Verben ass e brenzelegt Kapitel. Fir déi Leit, déi an de Coursen eis Sprooch als Zweetsprooch léieren, ass et eng haart Noss wéinstens fir Erwuessener, déi keen Däitsch kënnen an u romanesch Strukture gewinnt sinn. D’Verben, esou wéi een se am …
Komparativformen

Positiv oder Komparativ?

François Schanen
Ausgabe: 07.01.2010
Ech hunn et am LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire) gelies an och komesch fonnt. An der Flexiouns­tabell, déi d’Grondformen ugëtt, gëtt d’Wuert eeler als Positiv (ouni Komparativ a Superlativ) agestuuft. An der Flexiounstabell vun al (al als Adjektiv: eng al Fra, an net als Intensitéitsadverb: …