En Hamburger Trauma an der aktueller däitscher Politik

Gomorrha

Den amerikanesche Zaldote- kierfecht  zu Hamm
Photo: Sven Becker
d'Lëtzebuerger Land du 20.01.2023

Et war ee nawell séier do, vum Sennengerbierg aus sinn et just e pur Kilometer, riets lanscht de Findel, iergendwéi duerch den Iergäertchen, da lénks erop, déi éischt riets a schons war ee bei der Entrée. Oder et ass een iwwer de Näiheisgen an de Birelergronn gefuer, hannert Sandweiler laanscht; mä dat war Gescharwenzels.

Den amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm. Als Kand mam Velo dohinner. An da stung een do a wosst net, wéi ee sech fille sollt. Meeschtens huet d’Sonn geschéngt, d’Gras tëschent de Griewer war onheemlech gréng an d’Kräizer op de Griewer waren knallwäiss, vill ze optimistesch, an et waren der zevill, villzevill wäiß Kräizer. An dertëschent deen een oder aneren David-Stär. Stunge Nimm op de Kräizer? Ech menge jo. Déngschtgraden? Och, oder? An heiansdo ebe kee Numm, kee Batallioun, unknown soldier. Et ass en tëschent deene Griewer gaang, et huet ee sech e bësse wéi e Griewerschänner gefillt. An da séier fort. Zu Hamm sinn 5 076 Amerikaner begruewen.

Iergendwéini koum eng Zort Geheimtipp: en décke Kilometer an zwou Kräizunge weider do wier de präisesche Kierfecht. Gelift? D’Wehrmacht hätt e Kierfecht bei Sandweiler?

Kucke fueren. Effectiv. An dee Kierfecht war op seng Manéier nach méi grujeleg. Dat war jo de Feind. 11 000 Däitscher leien do. Flaach Sténg
mat Nimm an Dienstgraden an heiandsdo och just „Unbekannter Soldat“; an hannenaus e grousst sténgent Kräiz, dat net nëmme vaguement un Eisernes Kreuz erënnert huet. Dee Kierfecht huet ee nach méi verdriwwen wéi deen amerikaneschen. An doheem nëmmen näischt erzielen iwwer deen Tour mam Velo, éischtens ze geféierlech – den Iergäertchen, o mei – an zweetens: hu der näischt zëmonwee gemat an drëttens scho guer näischt iwwer den däitsche Kierfecht: fir d’Preisen hat d’Bom just een Adjektiv, dacks genuch héieren. Si hat se all an enger Zort Sippenhaft, ouni grouss Differenzen ze maan tëschent Kiesinger a Brandt.

Willy Brandt an Helmut Schmidt: dat wiere seng Virbiller, et wiere schonn déi vu sengen Eltere gewierscht, léisst den aktuellen däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz a senger Internet-Presentatioun schreiwen. Den Olaf Scholz, deen am östleche Quartier Rahlstedt zu Hamburg an d’Schoul gaang ass an deen Erster Bürgermeister vun Hamburg war, siwe Joer laang bis 2018, deen Olaf Scholz dee kritt elo esou dacks reprochéiert, zéckerlech ze sinn, op der Brems ze stoen wann et drëms geet, déi richteg schwéier Waffen a Panzeren un d’Ukrain ze liwweren. Ee vu sénge Grënn, fir net déi beschte Panzeren ze liwweren ass of course deen, datt et guer net gut ausgesäit, wann däitsch Panzeren am Osten géngt Osten rullen a schéissen; dat erënnert evidenterweise ze stark un den Nazi-Krich géngt d’Sowjetunioun, e Krich, deen sech jo an der Haptsaach an der
Ukrain ofgespillt huet.

Beim Scholz séngem Gezécks, bei senger Retenue, spillt nach eppes ganz aneschtes mat, mengen ech, eppes wat mat Kandheet a Jugend, wat mat senger Stad ze dinn huet. Wann et aus irjendengem Gronn esou richteg schlëmm am Liewe gëtt, léisst Virginie Despentes an hierem leschte Buch (Cher connard) eng Feministin soen, da komme béis onperséinlech Erënnerungen héich: „On se dit imagine la ville bombardée, éventrée. La guerre, le trauma est trop profond. (…) Ça se loge dans les os, les guerres qu’ont vécu les plus vieux.“ Mir aner Lëtzebuerger am Scholz sengem Alter kennen dat jo immens gutt: wien hat net eng Bom, déi gekeimt huet, wann d’Enkel net gefollecht hunn, wann se net iesse wollten, wat um Dësch stung, wann een „dommt Gemëch“ erzielt huet, da koum ëmmer de Satz „wann dach nëmme Krich wier“, da giffen se gewuer ginn wat lass wier, wat d’Stéck Brout kascht, wourop et wirklech ukéim. An enger ville bombardée, éventrée, waren esou Gespréicher nach méi Tagesordnung wéi bei eis um Sennengerbierg.

Zu Hamburg war ech ausgangs der 80er déi éischte Kéier a sinn als Beifahrer mat menger Fra vu Bramfeld hier an den Ohlsdorfer Friedhof eragefuer. Dee Kierfescht ass en immens grousse Park mat allem, wat ee sech denke kann: Blumme, Beem, Kapellen, riseg Rhododendron-Hecken (déi am Fréijoer fantastesch bléien), Monumenter, e Wassertuerm, prähistoresch Hiwwelgriewer, e Mouer, e pur Weiheren – an iwwerall Griewer, groußer flappeg monumental oder klenger. An eppes, op dat ech net gefasst war. Ech hunn zur Beifahrerfënster erausgekuckt. Do war e flachen Hiwwelchen, Gras a queesch drop louch eng Dunn, e véier Meter langt Stéck Holz, do stung e Wuert, „Hamm“ stung do a steet nach do, a lénks nieft deem Wuert e Kräiz a riets nieft deem Wuert e Kräiz, vaguement militäresch déi Kräizer. Hä, wat ass dat? sot ech, a meng Fra huet explizéiert: dat wier d’Plaz, wou d’Leit aus dem Quartier Hamm begruewe gi wieren no de schlëmme Bomme-Nuechten 1943.

Joeren duerno sinn ech mam Velo duerch dee Park, dee Kierfecht, gefuer. A stung op eemol viru Griewer, déi mech massiv un déi vun Hamm a Sandweiler erënnert hunn, just datt dës Griewer der vun Zaldoten aus dem 1. Weltkrich waren, à perte de vue Griewer, Gefreiter hei, Reservist do, 1914 bis ‘18, e Schreck, ech war net drop virbereet. Si weidergefuer. An hannert Hecken an ënner de Beem nach eng Kéier datselwecht, Griewer iwwerall, dës Kéier déi vun der Wehrmacht. Spéider hunn ech mech informéiert: aus dem éischte Krich leien do 4 000 Zaldoten an aus dem zweete Krich der iwwer 1 900. Mä um Kierfecht leien och 1 932 KZ-Affer a 1 703 sougenannt Zwangsarbeiter, a
Briten, a Russen, an Ukrainer an Hollänner.

Sorry fir d’Zuelen, déi schlëmmst kënnt erréischt. Ech si weidergefuer, bei d’Dunn, wou „Hamm“ drop steet. Do leie nämlech 16 där Dunnen, schwéiert Eechenholz, an op jidfer Dunn steet de Numm vun engem Hamburger Quartier: Hamm, Hammerbrook, Altstadt, Neustadt, Harvestehude, Hohenfelde, Billbrook, Borgfelde, Rothenburgsort, St. Georg, etc.

An ënner den Dunnen, ënner dem Gras leien Doudeger, a Massegriewer, 37 000 Mënschen. Vum 24. Juli bis den 3. August 1943 haten d’Briten an d’Amerikaner Hamburg bombardéiert. Operation Gomorrha hate se dat genannt, no der Bibel: „Der Herr ließ auf Sodom und Gomorrha Schwefel und Feuer regnen von Himmel herab“ (Genesis19,24). Déi Däitsch ware sech dat siche gaang mat hirem Krich, hate mat Guernica,
Coventry, London a Rotterdam genee datselwecht gemat. Déi 8 500 Tonne Bommen, Revanche-Bommen, op Hamburg hunn d’Halschend vun der Stad zerstéiert – haptsächlech d’ Aarbechterquartieeën am Osten vun der Stad, mä och den Hafen an d’Industrie-Betrieber. Am Hamburger Buedem leien haut nach Dausende Blindgänger, net explodéiert Bommen, déi dacks genuch bei Baggeraarbechten op Chantiere fonnt ginn. A mat deene Blindgänger ass een am Haut, am Présent. Well all pur Woche musse ganz Géigenden gespart ginn fir eng 500-Libs-Bomm, wéi d’Entschärfer se nennen, onschiedlech ze man. Dee Krich ass also nach ëmmer am Gang. Responsabel Hamburger Politiker wëssen dat. A si wëssen, wou déi sougenannt Nissenhütten stungen, wou Ausgebommter dra gewunnt hunn, si wëssen a wéi enge Stadtteilen d’Wunnbléck stinn, déi an de 50er Joer gebaut gi sinn. Si leeë Kränz néier um Ohlsdorfer Kierfecht an am KZ Neuengamme. A si kennen d’Geschichten aus der Famill an aus der Noperschaft, Geschichten, wou Leit sech grad nach esou gerett hunn virum deem onheemleche Bommefeier a wou anerer et net gepackt hunn, am Bunker erstéckt sinn.

Den Olaf Scholz war Zivi a senger Jugend, also Kriegsdienstverweigerer, a ganz lénkse, pazifistesche Juso. Meng Theorie ass, datt hien op der Brems stung a steet, fir Waffen an d’Ukrain ze liwweren, well hien aus eng ville éventrée kënnt. A well hie gesäit, datt russesch Rakéiten a Bommen dat zivilt ukrainescht Liewen zerstéieren sollen. An hien well net, datt dee Krich op säi Land iwwergreift. Well hien aus enger zerstéierter Stad kënnt. Gebongt: et soll een d’Panzerliwwerproblematik net op eng Persoun an op eng Stad reduzéieren. An awer: wann een do wunnt kommen engem eben déi Gedanken. Well dat Hamburg vun haut ass net ze verstoen ouni d’Nazi-Zäit. Ech wunnen op 1 Kilomer ewech vum Flughafen, 10 Minutten zu Fouss, fir dohinner geet ee lanscht Zwangsarbeiter-Baracken. Am zerstéierten an erëm opgebaute Quartier Barmbek sinn ech mam Velo an enger klenger Véierelstonn. De Kierfecht Ohlsdorf ass ganz no bei, op ee Kilometer. Ech si nawell séier do.

nico graf
© 2023 d’Lëtzebuerger Land