Personalpronome

Hien, si, hatt

d'Lëtzebuerger Land du 23.12.2010

Geldiert? D’Iwwerschrëft erënnert un d’Konjugatiounstabellen an de Schoulbicher. Englesch: he/she/it lives. Däitsch: er/sie/ es lebt. Franséisch: il/elle vit. Lëtzebuergesch: hien/si/hatt lieft. Grammatesch ausgedréckt, handelt et sech also ëm d’Personalpro-nomen an der drëtter Persoun Singulier. Wéi a villen anere Punkten, geet d’Lëtzebuergescht hei och, deel­weis, säin eegene Wee1.
Fir unzefänken, kënne mer mam Robert Bruch (Précis, 2.Oplo 1968,§ 19,c, S. 61) un enger éischter diachronescher Hypothees festhalen. Déi lëtzebuergesch Forme mat ‘h’ (hien, him, hir, hirer, hatt, hinnen) gi warscheinlech op een indogermanesche Stamm ki- (oder ke-) zréck, dee sech am Germaneschen an duerno och z. B. am Engleschen an am Hollänneschen zu hi- (he-) entwéckelt huet: he, him, his, her; hij, het, haar. Do dergéint sollen déi däitsch Formen (er, ihm, ihn, es, ihnen, ihr, ihrer) éischter vun engem aneren i- (betount: ei-/[eI]-) of­stamen, deen een apaart am Laténgesche begéint: is, eius, eium, id. Sou wäit – fir d’Geschicht.
Zweetens – an dat ass méi wichteg fir Leit, déi eis Sprooch vun haut wëlle léieren – ass d’Deklinatioun vun de Personalpronomen am Lëtzebuergeschen, wéi am Däitschen, besser erhale wéi z.B. bei de Substantiven, déi just nach eng Singulier- an eng Plurielform hunn (Mount, Méint), mä keng Genitivform méi am Singulier (bis op e puer Ausnamen wéi: Enn/Ufanks des Mounts). Fir d’Deklinatioun ze beschreiwen, hunn ech a men-ge lëtzebuergesche Grammairë versicht, d’Kategorie vum Kasus nei virzestellen. K1 heescht do déi am dackste gebrauchte Kasusform, déi an eiser Sprooch an engems Nominativ an Akkusativ ass, a K2 d’Form vum Dativ; z. B. K1: den Iesel, d’Konscht, d’Haus, deen, wien; K2: dem Iesel, der Konscht, dem Haus, deem, wiem. Wëllt een awer dem ganzen Deklinatiouns­paradigma vun de Personalpronome gerecht ginn, da mussen, niewent dëse K1 a K2, och dee rare K3 (deen iwwerliewende Genitiv: -es am Singulierr: dat ass menges, an -er am Pluriel: mir waren zu eiser sechs, Rouder a Grénger) an de K4 als een an eiser Sprooch bal ausgestuerwenen Nominativ derbäi geholl ginn (ech/du/mir/dir bei de Pronomen an, fir d’Substantiven z B. de bekannten Der Däiwel soll se huelen). Déi Globalvirstellung vun der Kasuskategorie huet zwéin didaktesch Virdeeler: 1) Mat der Nummeréierung gëtt och d’Gebrauchsfrequenz vun de Forme mat abezunn; 2) Ee Vergläich mam Franséische gëtt erméiglecht, well do meescht nëmmen de K1 viru-be­steet an déi aner Kasussen, wéi bei de Personalpronomen, just nach winzeg Spuren hannerlooss hunn:z.B. pronoms sujets = moi/je, toi/tu, lui/il, elle/elle, eux/ils; pronoms objet 1 = me, te, le/la, les; 2 pronoms objet 2 = me, te, lui, leur2.
Déi lescht Beispiller weisen, datt d’Fran­séischt – an dat ass bekannt – zwou Zorte vu Personalpronomen huet: betounter (staarker: moi, toi, lui, elle, eux) an onbetounter (schwaacher: je/me, tu/te, il/le, les). Am Lëtzebuergeschen ass dat och de Fall. Fir bei der drëtter Singulierform vun de Personalpronomen ze bleiwen, hu mir engersäits am Maskulin hien (Lokalvarianten: heen, hënn), am Feminin: si (säi) an am Neutrum hatt an dat (den Demonstrativpronom) niewent deenen anerersäits onbetounten en, se, et an ‘t. Zwar fonctionnéieren déi zwou Reie vu Pronomen am Franséi­schen an am Lëtzebuergeschen net d’selwecht3, mä et wier bestëmmt besser fir eis Sprooch, wann den Ënnerscheed an den Zweck vun deenen zwéi Pronomstype méi explizitt géifen ervirgehuewen an erkläert ginn4.
Dat Wichtegst bei dëse Pronome sinn awer net déi bis elo ernimmt Kontrastpunkten, mä hir Bedeitung an hire Gebrauch. Déi ufanks mention­néiert international Konjugatiouns­tabelle kënnen ee gär hanner d’Liicht féieren, well de Genus, vrun allem de Neutrum (do, wou et e gëtt), net ëmmer dee selwe Wäert hunn. Am Maskulin ass il (fr) net ëmmer er (d) oder hien (lëtz), op Däitsch heescht et och es an op Englesch it. Elle (fr) ass net an alle Fäll sie (d) oder si (lëtz), awer och dat typesch lëtzebuergescht hatt (betount) oder et (onbetount). Sengersäits ass et och, wéi dat eng­lescht it oder dat däischt es, en onperséinlecht ça/ce (geet et?) oder il (et reent) am Franséischen. Mä bleiwe mer beim Lëtzebuergeschen.
Hien (heen, en) am Maskulin Singulier mat all senge Kasusforme weist op e maskulinen Nominalgrupp an/oder op e männlecht Liewewiesen hin, déi entweder am Virtext (anaphoreschen Ersatz) oder am Notext (kataphoresche Pronom) mention­néiert sinn: Duerno si mir mam Metro an den Hotel gefuer. E läit direkt nieft der Place Vendôme. […] Den John hat aner Dreem. 1889 ass hien an Amerika gefuer. Säi Monni hat sech senger ugeholl an hat him Sue geléint. – Si (säi, se) am Feminin Singulier mat hiren anere Kasusformen (K2: hir, K3: hirer) weist op e femininen Nominalgrupp an/oder op e weiblecht Liewewiesen hin, dat am Kontext gesellschaftlech normal (d.h. net familiär, wéi mat hatt!) behandelt gëtt: Eis Scheier ass verbrannt. Mir musse si/se nei opbauen. […] D’J.K. Rowling ass an England gebuer. Si huet mat 16. Joer hiren éischte Roman geschriwwen. – De Pronom hatt mat sengen anere Kasusformen am Singulier (K2: him, K3: senger) ass typesch Eises. Grammatesch ass et be­stëmmt e Neutrum, mä semantesch weist en an alle Fäll op e Meedchen oder Framënsch hin, dat am Kontext (sief et am Kommunikatiouns­kader oder am Vir- relativ No-Kontext) familiär behandelt oder ge­duuzt gëtt. Hatt ass also souzesoen de Pronom vum soziolinguisteschen Neutrum5. Seng onbetount Variant ass et: D’Chantal kënnt. Et huet ugeruff. Dëst et muss awer vum onper­séinlechen et ënnerscheet ginn, wéi an: Et reent (cf. och Wéi °dat reent?), Et gëtt e Wierder (Net: *Dat gëtt e Wierder), Et ware vill Leit do (net dat:_et Platzhalter!), Ech war krank; si waren et och (oder Dat waren si och).

1 cf. Fernande Krier (2002): Proclitika und Enklitika im Lëtzebuergeschen, in: Dialektologia et Geolinguistica, 10, 41-58; F. Schanen: Parlons luxembourgeois (l’Harmattan, Paris, 2004), 173-175; F. Schanen / J. Zimmer: 1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire, Bd.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land