Zoom op d’Sprooch

Dat neit Gesetz: fir wien … ouni Hypokrisie

d'Lëtzebuerger Land du 04.05.2018

Den 11. Januar 2018 huet d’Regierung de Projet de loi relatif à la promotion de la langue luxembourgeoise1 an der Chambre des députés op den Instanzewee bruecht. Op dësen Text mat den ­Avise vun der Uni Lëtzebuerg, vum Conseil vun der Lëtzebuerger Sprooch (CPLL), vun der Chambre des Métiers an der Chambre de Commerce wëll ech haut zréckkommen, nodeem ech dat ganzt als „e gudde Cru 2017/2018 fir d’Lëtzebuergescht“ (d’Land, 06.04.2018) begréisst hunn.

Den Accueil vum Gesetzprojet (besonnesch wat d’Oppositioun ugeet) ass a mengen Aen net esou positiv wéi de Fernand Fehlen2 et seet, mee et kann ewell e ganz genësserleche Cru ginn, wann de Projet an engem neie Geescht ëmgesat gëtt an nëmmen net administrativ verkënnt.

Schonn am Zoom „Läit d’Lat ze héich?“, wou ech no zéng Joer Sproocherubrik am Land Bilanz gezunn hunn (d’Land, 29.04.2016), hat ech gesot, et wier Schued, datt d’Iddi vum „Institut national Robert Bruch“ fir d’Lëtzebuerger Sprooch an den éischten 2000-er Joren net realiséiert gi wier. D’Lëtzebuergescht hätt bestëmmt méi a besser vun dësem engen „Zenter“ profitéiert, wéi vun der Villfalt a vum Zerstéckele vun haut3. Dofir fannen ech d’Initiativ vum „Zenter fir d’Lëtzebuergescht“ am Gesetzprojet guer net esou schlecht mat engem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch als Direkter, deen sech a permanenter Verbindung mat engem interministerielle Comité an enger Mataarbechter-­Equipe (déi vum LOD) ëm d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch këmmert. Mee hei héiert de Programm vun der Majoritéit op an d’Kritik vun der Oppositioun kënnt ze kuerz. Fir mech e bësse provokativ auszedrécken, et muss och Kloertext geschriwwe ginn: hypokritesch Implicatioune mussen entlarvt ginn4.

Sou zum Beispill wa vun der Oppositioun Eesproochegkeet versus Méisproochegkeet rieds ass. Seele ginn d’Leit zu Lëtzebuerg zou, datt, wann d’Nationalsprooch (Sg.) ernimmt gëtt, sécher net un d’Méisproochegkeet, och net un d’Eesprochegkeet, dofir awer un d’Eegesproochegkeet, un (d’Actioun Lëtzebuergesch seet) eis (eegen a keng aner) Sprooch geduecht gëtt. Ideologesch Gedankesträng, déi méi oder manner bewosst kënne sinn, verbannen dann d’Sprooch an hir dacks populistesch Kulturéierung mat enger nationaler kollektiver Identitéit, Souveränitéit, „Luxemburgenität“. Landessprooch ass dann och e méideitege Begrëff, deen op d’Nationalsymbol vun der politescher Eenheet Grand-Duché referéiert oder generell um Terrain (mat ronn 50 Prozent Net-Lëtzebuerger) op d’Méisproochegkeet vun enger wirtschaftlech- a sozialstrukturéierter Gesellschaft hiweist5.

Am Avis vun der Uni reagéieren de Peter Gilles an d’Jeanne E. Glesener am Numm vun hirer akademescher Erfarung besonnesch op zwee Aspekter a fir d’éischt op déi nei Strukturéierungen (Kommissär, Zenter mat LOD-Plattform). Dat Ganzt mat de Strukturen, déi scho méi laang en Place sinn, géif bestëmmt vill ze komplex ginn, fir däitlech an effikass Missioune verdeelen ze kënnen. Si denken do – a soen et och – un d’Section de linguistique, d’ethnologie et d’onomastique vum Institut grand-ducal, un den CPLL an un hiren Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft op der Uni6.

Zwar hunn si Recht, wann si iwwer d’Méiglechkeete vun der Zesummenaarbecht tëschen dem Institut an de geplangten Neistrukturéierungen, respektiv Institutiounen, déi schonn existéieren, diskutéiere wëllen. Mee déi agestane Risiken: Transmissiounsverloschter7, Problemer bei der Kompetenzopdeelung, Iwwerschneidunge bei den Zoustännegkeeten (CPLL) sinn éischter Virwänn vun Autoritéiten, déi hir Privileegie verdeedegen, verheemlechen oder vergréissere wëllen. D’Uni hänkt kloer un hirer Fräiheet an der akademescher (an ugewannter?) Recherche. Dat ass och hiert Recht. Mee behaapt si domat net och hiren deelweis arbiträr imposéierte Monopol vun der Bonner historescher Dialektologie, déi eiser Sprooch haut am Land net ëmmer déi bescht linguistesch Léisungen ubitt? Schued fir d’Lëtzebuergescht, well doduerch net nëmmen d’Konkurrenz an de Bibliographien eliminéiert gëtt!

Jo! Am Detail vum Avis vun der Uni héieren ech eng aner Klack wéi am Projet de loi. D’Uni ernimmt d’Politik an den Ausbau vun der Lëtzebuerger Sprooch (a wien denkt do net direkt un dem Kloss seng Theorie, cf. „Um Enn vun der Ausbaustreck?“, d’Land, 15.08.2014), wärend de Gesetzprojet generell vun der méi breeder (och bei den „einfache Leit“ erwënschter) Promotioun a Strategie vun der Lëtzebuerger Sprooch schwätzt.

Nieft dem Problem vun der Fuerschung (Cryptogramm: Subsiden) maachen déi Responsabel vum Institut sech och Suerge fir d’Formation initiale vun den Enseignanten am Beräich LaF (Lëtzebuergesch als Friemsprooch) an LaM (Lëtzebuergesch als Mammesprooch). Dat ass jo och hir Missioun. Awer wann dann, fir d’Lëtzebuergescht an der Educatioun a besonnesch am Lycée, dovu rieds ass, eng ganz Filière LaM mat Ausschaffe vu Léiermaterial fir d’Sprooch, Literatur a Kultur auszebauen, a wann zum Schluss recommandéiert gëtt, datt „d’Lëtzebuergesch méi staark mam Enseignement vum Däitsche vernetzt (kéint ginn)“, da sinn Apel a Bir geschielt. Do denkt dach keen Däiwel méi un d’Schüler, un d’Leit, un d’Lëtzebuergescht. Schluss mat deem flotten Ausbau an Ausfluch. D’Lëtzebuerger Sprooch, eng kuerz Zäit flügge, muss erëm administrativ kleng bäiginn. Iwwert d’Däitscht kënnt et zréck a „Germanien“, a mir, mir bleiwen dës Kéier vläicht definitiv an eiser verzweiwelter Sproochen-Zwéckmillche sëtzen8.

1 Cf. Document parlementaire N° 7231. Page de détail et dossier complet.

2 Cf. Fernand Fehlen: „Carte blanche“, RTL.lu, 28.03.2018. Zoom op d’Sprooch: d’Land, 09.05.2016, 15.08.2014, 09.01.2015, 29.04.2016

3 D’Ministèren, den INL. De Privatsecteur: RTL, Formateuren, Verlager, Pro-Lingua däerf net vergiess ginn.

4 cf. „Ass et net schonn ze spéit?“ (d’Land, 09.01.2015), „Läit d’Lat ze héich?“ (d’Land, 29.04.2016), „Do huele mer et leider ni esou genee“ (d’Land, 13.11.2016)

5 cf. Lex Roth: „Eis Sprooch mam LR“ op RTL.lu – Iwwer de Begrëff „Luxemburgenität“ cf. Jürgen Stoldt: „Von der Nation zum Staatsvolk“, forum 363 (Abrëll 2018) S. 19, 1 Kol.: „Das Luxemburgische wird in Abwesenheit anderer greifbarer Symbole zum Inbegriff und Garant des Zusammenlebens stilisiert. – Doch das Luxemburgische ist auch eine Code-Bezeichnung für eine gewisse nicht-definierbare ‘Luxemburgenität’. – Alle politischen Parteien [versuchen] eine Nebelwand rund um die Bedeutung der luxemburgischen Sprache aufzuziehen und riskieren dabei die - auf der Beherrschung des Französischen basierende - Mehrsprachigkeit des Landes.“ – Vgl. och Romain Hilgert: „Die Mehrsprachigkeit ist die Landessprache“, d’Land, 23.03.2018.

6 Komesch datt d’Formatioun vum INL net ernimmt gëtt, och net de Centre National de Littérature, deen dach zum Deel als Modell fir den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch kéint a Fro kommen. Déi zwou éischt Strukturen hate jorelaang deeselwechte Sekretär wéi d’LOD-Equipe (cf. „Qui trop embrasse“, d’Land, 27.06.2014).

7 D’Wuert iwwerrascht bei Responsabele wéi de Peter Gilles, d’Claudine Moulin oder d’Damaris Nübling, déi an den éischten 2000-er Joren an der Luxemburgistik (och mat Ligen) absolut Tabula rasa maache wollten. – Deemools war ech och ee vun deenen eenzegen, déi sech fir eng Normalitéit vun der Lëtzebuerger Schrëftsprooch agesat hunn. Haut verteidegt den Institut d’Drénglechkeet vun dëser schrëftlecher Norm. Dobäi hu mer bal 20 Joer verluer! Cf. François Schanen: „Kohärenzbedingungen im geschriebenen Lëtzebuergesch: Texte coordonné du système officiel de l’orthographe luxembourgeoise (2003) und Nei Lëtzebuerger Grammatik (2005-2006)“. In: Workshop 2001. Lëtzebuergesch. Entwicklungstendenzen und Forschungsperspektiven einer jungen Sprache. 2005, 169-182.

8 „Prinzipiell hale mir den Ausbau vum Enseignement fir néideg, deen iwwert Optiounen am Lycée erausgeet. Eng Méiglechkeet wier zum Beiapill, dass Lëtzebuergesch méi staark mam Enseignement vum Däitsche vernetzt gëtt.“

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land