Denkmalschutz

Schued fir d’Schëfflenger Scheier!

d'Lëtzebuerger Land du 02.07.2021

Iwwerall am Land heescht et „allez hop, ewech mat deem alen Gemaier“; trotz all de Protester vun deene villen em eis historesch Gebaier besuergte privat Denkmalschützer schéngt dat rose wéineg ze hëllefen an ze déngen.

Dobäi ass et nët nëmme schued, wann eng al „maison de maître“ um Lamperbierg oder „berbère“ op der Gare, dem sougenannte „Progrès“ muss wäichen, ma och aner, à priori manner dichteg Baute respektiv Dependenzen, si stomm a lescht Zeien aus eisem gemeinsame landwirtschaftleche Passé a sollten eis wa méiglech erhale bleiwen!

Op déi Weis soll och alt nees geschwënn eng ganz schéin al Scheier matzen aus Schëffleng verschwannen. Déi imposant Scheier ass, wéi deemols an der Mëtt vum 19. Joerhonnert üblech – no 1862 – un dat aalt Bauerenhaus mat der markanter duebler Trap ugebaut, a bild mat deem zesummen en harmoneschen Ensembel. Dat fréiert Baurewiesen „a Kassen“ ass am ganze fréieren Duerf Schëffleng bekannt a fir vill eler Leit aus dem Bild vun der Uertschaft net ewechzedenken… Virun der Dier steet och haut nach e laangen authentesche steenen Trach mat senger Pompel – hien huet net bougéiert –, aus deem d’Päerd hu konnte saufen, nodeems se d’Fouer mat dem Heewoon vun de Felder de Fléiwendel erop duerch déi riseg oppe Scheierpuart gezun hun, déi hinnen scho vu wäitem mat hiren zwee Fligele gewénkt dierft hun.

Dëse Bauerenhaff ass en typescht Beispill vun der deemoleger Architektur um Land an an den Dierfer, e Bauerewiesen, wéi mär der ganz vill hei am Land haten, mais vun deenen der leider net méi vill iwregblouwen. Si sin op eng oniwwerluegt Aart a Weis ofgerappt gin an hu missen der Spekulatioun, dem Profit an dem Fortschrëttsglawe wäichen. De „Scheierhaff“ zu Bieles ass zu engem Sport a „Kulturkuss“ gin, de „Scheierbierg“ vu Réimech erop ass nëmmen nach e Begrëff fir Velo’s Freaken, an d’„Konsdrëffer Scheier“, eng längst vergaange Kulturfabréck „avant la lettre“ – iwrijens wuar et de Guy Rewenig, deen dem alen Escher Schluechthaus dësen Numm gin huet! – an deer eis progressiv Schreiwer vun deemols, de Roger Manderscheid virop mat anere Kollege, wéi zum Beispill dem Fernand Karier zesummen, literaresch kreativ wuaren, mai 68 agelaut, an de Marc-Henri Reckinger bannenan am clair-obscur „gepinselt“ huet. Zu Helleng, an der Scheier vum Aloyse Linster, die 2010 als „monument national“ klasseiert guew an op munch anere Plazen am Land, waren am Krich eng ganz Rei vu Jongen an esou enger Stopp iwer Wochen a Méint ennerbruecht.

Scheieren hu sech och iwer hiert Gemaier eraus an eiser Sprooch veréiwegt. Esou schwätzt een haut nach am iwwerdroene Sënn, op d’manst bis elo nach, vun alen Scheieren déi gut brennen, vun der „Kuel(e)scheier“, alt nees zu Consdorf, ma déi Kéier tëscht zwee Fielsen am Bësch, vu Rennscheieren, a vun esouer déi mat hirer Puart wénken oder eben esou eng breed... hun wéi eng…

Do get et zeg traureg Beispiller, awer och e puer ganz gudder. Esou zam Eislek zu Munzen, wou d’„Robesscheier“ zu engem interaktive Museum mat Café a Co. ëmfunktionnéiert guew. Do ass net nëmmen d’Kierch, ma och d’Scheier schéi brav am Duerf bliwwen. „Zéintscheier“ zu Macher ass och zum Gleck protegéiert. Manner gudd, zu Zëtteg an „Huemes“, wou zwar dat ganz aalt Bauerenhaus – Gebuertshaus vu menger Mamm – als solches erhale bluew, ma wou déi mat rouden Zillen gedeckte Scheier an de „Schoop“ ofgerappt, de Pesch hannert dem Haus vum Kurt maximal „lotisséiert“, an aner Dependenzen direkt virum Haus mat Garagen an engem Parking verbaut gi sin. Nëmmen nach op engem Bild vum deem aneren, figurativ molende Mathias Reckinger, kann ee gesi wéi deen Haff, mat sengen zwee héijen Nësserte virdrun, fréier ausgesin huet. Op dëser Plaz bluew „d’Monument“ zwar préservéiert, ma de site an senger Ganzheet ass dach verschampeléiert, doduerch datt e morceléiert, dat heescht zerstéckelt guew.

An sengen kriteschen Zeechnungen huet de Roger Manderscheid iwrigens schon ufank achtzeg op dëse ledegen Trend zur Zerstéckelung vun onser Landschaft duerch Gitter a Gatter higewisen, an et sollt nach vill schlëmmer komme wéi hien ugedeit, well déi sougenannte Gabillonen (Steng a Waken am Drotgeflecht, fir de Rambeli ze stabiliséieren) waren déi Zäit nach nët erfond respektiv an der Moud. Do wuar dem Calteux’ Georges senge Nofolger zu Zëtteg „tout juste“ deen üblech bëllege Kompromëss gelongen. Géint Rentabilitéit huet och Sentimentalitéit anerwärts, esou wéi hei zu Schëffleng, net vill ze radetten. Och do soll nëmmen dat historescht Haus – wann iwerhaapt? – erhale bleiwen an d’Scheier démoléiert gin. Op deer Plaz soll duerno e moderne Konsumzentrum hikommen, inklusiv Dokteren an der eiweger Studenten, hoffentlech méi ästhetesch wéi dee gräisslech mausgroe Cube, mat engem Geldinstitut dran, gleich géintiwwer vun der Strooss…!

An sengem remarkablen dräivolumege Wierk – Lëtzebuerger Bauerenhaus 1, 2 an 3, déi bei Kremer-Muller a Phi, an enger Oplo vu 4 500 Stéck erauskoumen, e groussen Uklang fond hun, a längst all vergraff sinn1, hat de Calteux’ Georges scho viru gudd zwanzeg Joer, op d’Wichtegkeet vum Erhale vun eisem gesamte ländleche Patrimoine, déi ugebauten typesch Dependenzen vun an ronderëm d’Häff mat abegraff, higewisen. Ereischt virun ee puer Deeg, huet hien ald nees eng keier an der Press op die rezent architektonesch Heresien zu Beeler, uewerhalef vu Weiswampech higewisen, wou Promoteuren am gang sin de Cachet vum Duerf definitiv ze ruineieren.

Am drëtte Band, mat dem Titel Luxembourg Houses in America, weist de Calteux op d’Geschicht vu grad esou enger Scheier hin, déi 1872 vun Emigranten aus dem Duerf Simmer an hirer neier Heemecht, am typesch lëtzebuerger Stil gebaut guew. Op deer Plaz am Wisconsin, wou si stong, huet si leider misse wäichen a war condamnéiert. Mat der finanzieller a materieller Hëllef vun 182 fréiere Lëtzebuerger, guw sie dunn ofgerappt an zéng „miles“ méi wäit mat vill Opwand erëm opgebaut… An der historescher Scheier ass haut e lëtzebuerger Müsee a „centre culturel“ ënnerbruecht.

Virum leschte Chrëschtdag stung Kassen’s hir Scheier grouss op a wuar bannen a baussen herrlech festlech vun de Floristen aus dem Blummebuttek vis à vis mat Dännebeemercher dekoréiert. Dëst Joer war d’Scheier an der Ouschterwoch an elo um vereente Päischten, vun dem Florist vis-à-vis, deen do bis zur „date fatidique“ bleiwen duarf, och erëm op, an änlech schéin dekoréiert. Si wierkt wéi e Magnéit, a lued d’Passante förmlech an eranzekommen, nodeems se vum Trottoir aus e Bléck an hir beliichten Déiwt gehäit hun. Eemol dobannen, gin engem d’Aen op wie Ginzescheeken, wann een iwer d’Gänn eraus, gudd zwanzeg Meter héich an d’Luucht kuckt, an dat imposant Gespär mat deenen décken eechen Dunnen iwwert sech gesäit. De Buedem ass mat engem „tapis plain“ vu Blieder beluegt, an et fillt ee sech dobanne wéi an enger riseger Krëpp.

Durch e schmuelen Passage kënnt een dann an d’Wunnhaus, mat sengem wonnerschéi gekachelte Korridor, senge klengen heemlechen Zëmmeren an hiren héije wäissen, gegëbste Stuckplafongen. Hei konnt ee bis elo nach an enger schukeleger Atmosphär, déi erëm e bësje Freed opkomme geloss huet, Chrëschtcadoen, Blummen, Glitter a Flitter respektiv Ouschterhuesen an Dickelcher betruechten a kafen. Fir d’lescht elo konnte ee sech eng Nues um Parfum vun deenen üppege roudrosaë Päischtrousen huelen an sech bannenan d’Freijoer virun der Dier dach endlech herbeiwönschen.

Dëst Haus mat sengem Ubau staamt aus enger Epoch nach virun der Grënnung vun der Metze Schmelz ënnen of, wou elo dee riseg grousse futuristesche „Quartier Uelzecht“ geplangt ass. Wat wär dat schéin, wann een dee ganzen Ensemble uewenaus kéint revaloriséieren, an dës Kéier en eescht gemengte „Centre Culturel“ draus an dra machen géiw. Op déi Tour wär de Lien tëscht dem landwirtschafteche Passé vun der Uertschaft, iwwer déi intensiv a laang Zäit vun der Industrialiséierung vun 1871 un, bis hin zur Bebauung op de Frichë vun däerselwechter Schmelz op eng interessant Art a Weis hirgestallt, falls engem dru geleen..

1 Eng Reeditioun vum Georges Calteux, dem fréieren Direkter vu „Sites et Monuments“, dësem senge „bestseller“ ass ugeduecht. D’Bicher sollen, wéi den Autor eis verroden huet, an enger méi kompakter Versioun an a méi klengem Format, mat „nohalteg“ mëllen Deckelen an een/zwee Joer, erëm bei den Editions Phi nei erschéngen.

Guy van Hulle
© 2021 d’Lëtzebuerger Land