E groussherzoglech-hanseatesche Police-Exkurs

Philipp F.

d'Lëtzebuerger Land du 28.04.2023

Gebongt: herno ass ee méi schlau wéi virdrun. A sech selwer luewe sténkt. Mä an dësem Fall war ech vun Ufank un zimlech skeptesch. Wëll soen: ech hunn den offiziellen Deklaratiounen net getraut, hat ëmmer d’Impressioun, do wier méi gewosst wéi bekannt gemat. An esou wor et.

Am Resumé: do geet also hei zu HH e gewësse Philipp F. hin an erschéisst 7 Zeugen Jehovas an duerno och sech selwer, d’Police war quasi direkt op der Platz. Dat ass an eiser Noperschaft geschitt, nëmme 4 Kilometer mam Velo ze furen, da sinn ech do, en ellent grot véiereckegt technescht Gebäi, Stol a Glas a Betong, wou ech schon zech Mol laanscht gefuer war. Et ass eng Géigend, déi en Duercherneen ass: eng Bréck iwwer d’Alster, eng Tankstell, Car-Glass, eng grouß Duerchgangsstrooss, och e Mouer, matzen an der Stad. 500 Meter vis-à-vis vun der Jehova-Kierch ass d’Israelitisches Krankenhaus.

Um Trottoir virun der Kierch luchen nach Deeg no der Schéisserei Schierbelen. A Blummen. An och e Policewon stung do op Wuecht, eng hallef Woch laang, zwee Mann oder Frau als Équipage.

No de Schéisserei koum eng ganz Rëtsch Pressekonferenzen. Do gouf d’Police fir hiere séieren Asatz schwéier gelueft. Mä wat sech um Ufank unhéieren huet, wéi eng schëtzeg Police-Réussite géngt en Typ, dee rose war iwwer seng fréier Kierch, dat gëtt elo no a no e Skandal. No engem bekannte Muster: de Wee geet vum Täter bei d’Police an da bei de Minister. À propos Täter. Dee gëtt ëmmer Philipp F. genannt. Mä well esouvill iwwert hien bekannt ass, hat esouguer ech, deen ech an Internet-Recherche net extra gutt sinn, no enger Minutt eraus, wéi hien mit Klarnamen heescht a wéi en ouni Gepixels am Gesiicht ausgesinn huet.

Zréck bei d’Polizei. Déi war Méint virum Amok-Laaf anonym gewarnt ginn, den F. dee wier geféierlech. Dat hu Police a Parquet an Innensenator séier erzielt; an eben och, datt bei enger net ugemellter Kontroll an der Wunneng vum F. deem sei Klabes am Safe geleeën hätt, an de Mann hätt ganz verstänneg gewierkt. Vu sengem verréckte Buch iwwer Gott a Jesus a Satan ass erréischt méi spéit rieds gaang. An datt d’Beamten dat Buch um Internet net gesicht a net fonnt hätten. Hm, duecht ech du schonn, wat war dat fir eng Enquête vun der Waffenbehörde. An elo – en décke Mount no der Attack – kënnt duerch Recherche vun der Zeit eraus, datt e Polizist wosst, wéi geféierlech duerchgedréit dee Philipp war, an de Polizist hätt dat awer net weiderginn u seng Kollegen. An et gëtt d’Fro gestallt, wéi genee d’Relatiounen tëschent dem Philipp F. an deem Polizist waren, ob si sech, z.B., aus dem Hanseatic Gun Club kannt hunn, wou de Philipp F. schéissen trainéiert huet. Egal wéi: de Polizist, dee sei Wëssen net weiderginn huet, deen huet elo en Disziplinarverfahren um Hals. An ugelaaf ass déi ganz politesch Maschinerie, nämlech d’Fro, wien wosst wéini wat an huet wat net gesot. Am Fokus steet den Innensenator Andy Grote – och nach Andy P. genannt (wat op Himmel reimt; mä dat ass eng aner Geschicht). De Senator hätt – notamment am Innenausschuss vun der Bürgerschaft – net alles gesot, wat hien wosst, seet d’Oppositioun vun CDU a Linke, an hie soll zerécktrieden.

Hallef Informatiounen an desagreabel Nofroen, déi evitéiert oder esquviéiert goufen. Eng abstrus Geschicht, déi drop erausleeft, datt a Policekreesser Schmu gelaaf ass, datt ee gedeckt gi wier, deen hätt misse gestoppt ginn – a no der schlëmmer Schéisserei sinn et hartnäckeg Kollegen, déi erausfanne mussen, datt alles hätt kënne verhënnert ginn, wann uerdentlech geschafft a kommunizéiert gi wier.

Kënnt engem - lëtzeburgesch geschwat - bekannt vir, ne. Eng Insidergeschicht, déi total aus dem Rudder leeft, just datt zu Hamburg d’Opklärung villeg méi séier leeft wéi bei de ‚85er Bommen-Attentater.

Kollegen dréien duerch an aner Kollege wëssen dat a maache neischt. E Schema, quoi. Just datt zu Lëtzebuerg, den Ufank vun der Opklärung villeg méi laang gedauert huet. Mat der Pointe, datt d’Enquête net nëmme gemittlech war an deemols hannerdriwwe ginn ass, mä datt et och nach Bestriewungen gouf se ze behënneren, wéi de couragéierte Procureur Robert B. eescht gemat huet. E gewësse Luc F. hätt do och eng Roll gespillt, héiert een als Rumeur aus dem Palais de justice. Et hätt eng monter Engölad am Bureau vum Robert B. ginn, Gebierels tëschent dem Minister F. an dem Procureur. Gerücht aus der Justiz. Wat awer keng Rumeur ass, dat ass, datt de Minister F. emol Journaliste ugebaubst huet, ob si näischt besseres ze dinn hätten, wéi an der Bommeleeër-Geschicht ze recherchéieren, do kéim dach ni eppes derbäi eraus. Et kann awer keen deem Luc F. sei Récktrëtt wéint esou eppes fuerderen, well dee Luc F. ass jo neischt méi.

nico graf
© 2023 d’Lëtzebuerger Land