Luxemburgensia

Parlons franc: eng Lëtzebuerger Grammatik Oui, parlons franchement!

d'Lëtzebuerger Land vom 05.08.2004

Ronn dräi-véier Méint nodeems Lëtzebuergesch: Quo Vadis? erauskomm ass, gëtt et lo an de Bicherbuttiken an och um  Amazon eng lëtzebuergesch Grammatik op franséisch ze kafen. Lëtzebuergesch, wou gees de? "Op Montpellier", ass d'Äntwert. 't ass do, wou dem François Schanen säi Parlons Luxembourgeois: Langue et culture linguistique d'un petit pays au cœur de l'Europe (L'Harmattan) geschriwwe gouf. D'lëtzebuergesch Sproochwëssenschaftler kënnen sech nëmmen op sou e Buch freeën: e Buch, wat engem di lëtzebuergesch Grammaire erkläert: Lëtzebuergesch, linguistesch gesinn! Leider ass ee sou lues vu sengen 31 Euro enttäuscht.

Dräi grouss Punkte fënnt een an dësem Buch Schued: den Opbau, den Inhalt, an d'Attitude. Komme mer mol fir d'éischt bei den Opbau. Et feelt Parlons Luxembourgeois un zwee Deeler, déi an engem Grammatiksbuch ëmmer do solle sinn, an zwar en Index an en Inhaltverzeichnis. Där ginn et der, mee den Inhaltsverzeichnis besteet aus nëmmen enger(!) Säit, wou vill Deeler einfach feelen. D'Buch geet dovunner aus, dass een et als éischt liest, fir dass een dann och alles besser erëmfënnt. Vläit ass dat och de Grond, firwat d'Table des matières och als allerlescht am Buch ass. Wat den Index ubelaangt, sou ass deen enttäuschend, well en nëmmen aus zwou Säite besteet, an zu 99 Prozent sti nëmme franséisch Grammatikswierder drann. Eng professionell Grammatik hätt de Lieser och en Index mat deene meeschte lëtzebuergesche (grammatesche) Wierder ugebueden. E leschte Punkt iwwert den Opbau wier de Gebrauch vu Paragraphen, wou den Text a méi enger klenger Schrëft ass. Firwat? Sinn déi do, fir de Lieser drop opmierksam ze maachen, dass déi aus aner Wierker sinn? Vläit sinn déi manner wichteg? Ob Plagiat wéinst Referenzmanktum oder net, d'Buch verréit eis et net.

Den Inhalt ass och enttäuschend. De Phonetiksdeel, deen eis erkläre soll, wéi Lëtzebuergesch ausgeschwat gëtt, schreiwt amplaatz all Laut am internationale phoneteschen Alphabet (IPA) just an e puer Symboler, sou dass Transkriptiounen aus zwou Schrëften (Fonten) bestinn. Dat kéint een nach verzeien, géif et dee Feeler net ginn, dass ee vun eise Konsonante vergiess ginn ass, anzwar de Yogh, dee mer am Numm hunn. 

De phoneteschen Deel ass also net besonneg gutt an de linguistesche Gebrauch vun de verschiddere Klamere ([], //) gëtt net beabsicht. En plus ass d'Betounung an de Wierder uginn, ouni ze soen, dass en Apostrophe z.B. am Wuert net zur Orthographie gehéiert. Dozou kënnt dobäi, dass eng aner Rechtschreiwung vun dësem Wuert, keen Apostrophe krut. Een anere Kommentar, deen een ombedingt net vergiesse soll ass dee sougenanntene "Lexique", wou einfach eng Wuertlëscht iwwersat gouf. Mir schwätzen hei net vun engem lëtzebuergesch-franséischen Dictionnaire, well dat ass guer net de Fall: d'Substantiver ginn de Liese d'Méizuel net un. Ausserdeem muss ee sech froen, wéi gewësse Wierder an de "Lexique" komm sinn. Sou hu mer z.B. (Esch-Uelzecht wier frou!), mee net Buergermeeschter, , a , och wann di meeschte Leit éischter d'Méizuel géife soen. An eng IPA-Ugab, wéi een di Wierder soll ausschwätze soll, gëtt et och net.

Dee leschte grousse Punkt, deen engem bestëmmt an d'A fällt, ass di louche Attitude, soe mer mol, déi engem während dem Liesen sou opfällt. Et fënnt een einfach net eraus, fir ween da lo Parlons Luxembourgeois geschriwwe gouf. Et ass weder fir eng populär Grammatik, an dach ass se och net richteg wëssenschaftlech. Wéi kann een e Buch och akademesch fannen, wann een am Buch "comme chez nous en France" ze liese kritt?.

Parlons Luxembourgeois ass net dat gielt vum Ee. Deeler sinn net schlecht, mee leider ass de Gros einfach net linguistesch, akademesch gutt genuch. Eist Land, dee Méckeschass a Schungform, kann nëmmen hoffen, dass an Zukunft e bessert Buch erauskënnt, wat onperséinlech, akademesch korrekt, a lieserfrëndlech ass.

 

François Schanen: Parlons Luxembourgeois: Langue et culture linguistique d'un petit pays au coeur de l'Europe, Paris L'Harmattan 2004, 376 S., 31 Euro

 

Den Auteur stodéiert zu Scheffield Linguistik.

Cédric Krummes
© 2023 d’Lëtzebuerger Land