Eng Rees an d’Zukunft

d'Lëtzebuerger Land vom 23.05.2025

Et war e ganz normalen Owend. Ech leien a mengem Bett a scrollen op mengem Handy, duerch Instagram. All zweete Post deen ech gesinn, gouf mat Kënschtlecher Intelligenz erstallt a bei dem engem oder deem anere kann ech mir, iwwer d‘Absurditéit, e Grinsen net verkneifen. Ech scrolle weider a stoussen op ee Post aus den USA. Mënschen, déi Kartrongsschëlder an d’Luucht halen, op deenen ze liesen ass: „Mir sinn net ze ersetzen!“. Mënschen, déi protestéieren. Déi protestéiere géint d‘Notzung vu KI, déi hier Aarbecht géif ersetzen. Ech bléiwe beim Post hänken a muss u mäin Dramjob denken. Wäert et deen och nach an 10 Joer ginn? Huet KI deen da schonn ersat? Wat kann ech maache, fir dat ze evitéieren? Froen iwwert Froe schwiewe mir duerch de Kapp.

Ob eemol flackert mäi Bildschierm, an de Post verschwënnt. Eng onbekannten Nummer – wee rifft mech em dës Zäit nach un? Ech ginn drop: „Hallo, ech sinn et“, seet d’Stëmm op der anerer Säit. Eng Stëmm déi mir bekannt virkennt. „Ween?“ „Ma du, just 30 Joer aus der Zukunft. Ech weess, du frees dech wéi eng Jobs mir an der Zukunft hunn a wéi d‘KI dës beaflosse wäert.“ Klengt onméiglech? Villäicht. D’Fro wéi d‘KI d’Aarbechtswelt an der Zukunft verännere wäert ass eng, déi mir eis alleguerte scho gestallt hunn. A wat wier hei méi hëllefräich wéi ee Gespréich mat engem, deen dat schonn erlieft huet? D’KI huet an deene leschte Jore grouss Schrëtt no vir gemaach, dat mat ChatGPT an aneren Applikatiounen, déi Aufgaben a Sekonnen erleedege kennen. Deemno stellt sech d’Fro: wéi eng Beruffer si sécher a wouhinner soll ech mech als jonke Mënsch hin orientéieren?

Ech froe mäin Ech aus der Zukunft ganz virsichteg: „Wéi gesäit et mat mengem Dramberuff aus? Gëtt et deen nach?“ Mäin Zukunfts-Ech laacht: „Verschidde Beruffer, déits du haut kenns, wäerten tatsächlech verschwannen a vun der KI iwwerholl ginn. Dat wëll awer net heeschen, dass jiddereen dann aarbechtslos ass. Am Géigendeel, et sinn och vill nei Jobs entstanen an et si vill nei Dieren opgaangen.“

Tatsächlech beaflosst och haut schonn d’KI eis Aarbechtswelt. Och wa KI-Systemer wéi ChatGPT nach heiansdo „halluzinéieren“, also feelerhaft Fakte liwweren, ginn d’US-Fuerscher vun OpenAI, also d‘Entwéckler vu ChatGPT, dovunner aus, dass an noer Zukunft, ronn 80 Prozent vun de Jobs vu KI ënnerstëtzt ginn. Ech hu meng Ausbildung als Schauspiller réischt viru Kuerzem ofgeschloss. Aus den USA héiert een allerdéngs ëmmer nees, dass d’Branche op d’Strooss protestéiere geet, géint den Asaz vun der KI. Ech hake bei mengem Zukunfts-Ech no. „A wéi ass et mat kreativen oder soziale Jobs, bei deenen d’Mënschlechkeet ausschlaggebend ass?“

Mäin Zukunfts-Ech gëtt lo ganz eescht. „Genau dat ass de Punkt! Beruffer, déi mënschlech Empathie, Kreativitéit oder Problemléisung beusproche, kann d’KI net sou einfach ersetzen. D’KI kann zwar Texter schreiwen an Daten analyséieren, mee sou eppes wéi echt Emotioune kann si net reproduzéieren.“ „Wat géifs du mir dann als Tipp matginn?“, froen ech virwëlzeg.

Mäin Zukunfts-Ech iwwerleet kuerz. „Hmm… dräi Saachen: Éischtens, sief interesséiert. Beschäfteg dech mat der KI, och wanns de net Informatiker wëlls ginn. Ween d’Technologie versteet, huet an der Zukunft Virdeeler. Zweetens, schaff un denge soft skills. An enger Welt mat Maschinne komme mënschlech Interaktiounen oft ze kuerz a ginn ëmmer méi wichteg. Kommunikatioun, Teamaarbecht a Kreativitéit kann d’KI net ersetzen.“

„An drëttens?“ froen ech nodenklech. „Keng Angscht viru Verännerung hunn. D‘Aarbechtswelt wäert muer aneschters ausgesi wéi haut. Mee wanns du dech dorops aléis, dech upass an Neies léiers, wäerts de e grousse Virdeel hunn.” Den Uruff geet mat engem Geknister op en Enn. Mäin Zukunfts-Ech seet Äddi mat de Wierder „Maach dir keng Suergen, mee sief virbereet.“

Ech leeën den Handy ewech. Villäicht kann ech d’Zukunft net viraussoe, mee ech ka mech haut scho gutt dorops virbereeden. A wee weess, villäicht kann ech eng Kéier mengem jonken Ech soen, dass alles gutt ginn ass.

Max Bäcker
© 2025 d’Lëtzebuerger Land