Game on - oder over?

d'Lëtzebuerger Land vom 23.05.2025

Videospiller existéiere scho säit Laangem. Um Enn vun de 50er huet de Physiker William Higinbotham d’Spill „Tennis of Two“, besser bekannt ënnert dem Numm „Pong“, entwéckelt an der Welt präsentéiert. Videospiller hunn och e Groussdeel vun eiser Popkultur a Mediegeschicht beaflosst. Virun allem herno mat „Super Mario“, „The Legend of Zelda” an „Pokemon” huet d‘Videospill-Welt en extreme Boom erlieft.  Spiller konnten sech duerch technesch Fortschrëtter, mat verbesserter Hardware a Komponente besser entwéckelen. Kënschtlech Intelligenz (KI) spillt do definitiv eng grouss Roll.

Ech selwer gi mat der KI an alle Beräicher konfrontéiert. Egal ob a sozialen Netzwierker mam KI-Bot Grok op X oder duerch generéiert Biller, déi gepost gi vun aner User – iwwerall gesäit een e minimalen Aspekt, an deem d‘KI involvéiert ass. Et gëtt zum Beispill Videospill-Musek, déi zu enger Hallschent den originale Soundtrack-Verlaf enthält an zur anerer Hallschent mat der KI verlängert gëtt. Dat ass fir mech en Zeechen, datt d‘KI ëmmer méi seng virtuell Fanger iwwerall am Spill huet. Sécherlech hat KI scho ganz fréi een Afloss op Videospill- Entwécklung, mee net an där Form, wéi mir se haut kennen! Virun net ze laanger Zäit gouf e Spill mam Numm „Oasis“, en „Minecraft“ Klon, verëffentlecht, wou alles wat mir am Bild gesi, vun der KI generéiert gëtt. Egal ob et Biomen, Grafiken oder Tilesets sinn, alles gouf vun der KI erstallt. Ech hat dat scho selwer mol ugespillt an ech muss soen, datt et net wierklech Spaass gemaach huet. Alles gouf beemol viru mir „gespawnt“ an dat huet fir eng inkonsistent Spill-Erfarung gesuergt. Ech konnt mech bal guer net méi orientéieren. Vun enge Moment op deen aneren, hunn ech mech duerch ee Gras-Biom an enger Wüst erëmfonnt. Ech hoffen, datt dat net d’Zukunft vu Gaming wäert sinn. Dat wär nämlech extrem schiedlech fir d’Videospillindustrie. Zum Gléck ginn awer nach vill Spiller mat der sougenannter „Unreal Engine“ developpéiert, déi fir vill bekannt Spiller wéi „Borderlands“, „Tekken“ oder och „Rocket League“ genotzt gëtt.

Wat huet dat awer elo mat der KI ze dinn? KI wéi mir se haut kennen huet vill Funktiounen. Sief et fir Iwwersetzungen, oder fir eppes ze schreiwen. Am Fall vun der Videospillwelt, huet d‘KI awer méi wéi dat doten drop. Si kann nämlech och eng Atmosphär nostellen, déi eiser Realitéit zimmlech nokënnt. KI gëtt och benotzt fir sech un d‘Spillerfarung unzepassen. Zum Beispill an engem System, wéi dee vun den „Animal Crossing“ Spiller, trëtt en „NPC“ (Non-Playable Character) mam Numm Resetti op, den dann Ären eegene Spillstand läscht, wann Dir vergiesst reegelméisseg ze späicheren. D‘Videospillindustrie profitéiert vun de Virdeeler vun der KI, awer wéi mir wëssen, huet all Mënz zwou Säiten! Leider gëtt vill kreativ Fräiheet vum Entwéckler ewechgeholl, well d‘KI am Fong schonn alles fir si mécht, och wann d’Quantitéit un Aarbecht, déi ewech fält am Endeffekt net esou grouss ass. Et kann och gutt geschéien, datt et an Zukunft méi komplett KI-generéiert Spiller gëtt, wéi „Oasis“. Awer dëst géif och bedeiten, datt d‘Spiller vill Léift a Leidenschaft verléieren, well e Spill erstallt vu mënschlechen Hänn, an eent erstallt vun enger Maschinn zwou komplett verschidden Approche sinn. D‘Spillentwéckler awer och Gamer géifen Interessi un de Computerspiller verléieren, well se wëssen datt si ouni Häerz a Séil sinn .Hoffentlech wäert d‘Videospillentwécklung e gutt Gläichgewiicht tëschent de Virdeeler vu KI an der mënschlecher Leidenschaft fir d‘Spiller fannen. Dat bleift just ze gesinn.

Filip Vukotic
© 2025 d’Lëtzebuerger Land