Sproocherubrik.lu

De klenge Prënz an de Subjonctif

d'Lëtzebuerger Land du 14.09.2012

De klenge Prënz ass e sympathesche Bouf aus der Weltliteratur, deen de franséische Schrëftsteller Antoine de Saint Exupéry 1943 an d’Liewe geruff huet. Haut ass e sécher traureg, well den Auteur, deem him seng lëtzebuergesch Kleeder an Adaptatioune verdankt, ugangs August gestuerwen ass. Dem Josy Braun seng Stärewelt besteet – an dat ass elo definitiv – net nëmmen aus engem décke Stouss Geschichten a Romaner, Cabaretsstécker an Zeitungsartikelen, mä och aus artistesche Buckië voller Gedichter. Säi Wierk – a speziell d’Adaptatioun vum klenge Prënz – wäert déi Grouss an di Kleng weiderbegeeschteren an och zum Nodenke bréngen. Manner erwaart awer ass et, datt dem Josy Braun seng Iwwersetzung an Adaptatioun vum klenge Prënz – iwwert déi lëtzebuergesch Schreifweis a Morphologie ewech, fir déi hie sech extra agesat huet – och der Sproochwëssenschaft eppes kéint bréngen. Wat a wéi? Eng gutt Pist gëtt eis de Kenichi Tamura vun der Abteilung für Japanisch als Fremdsprache, Pädagogische Hochschule Aichi, Kariya, an engem Aufsatz, deen 2009 a Japan publizéiert gouf: „Der Konjunktivgebrauch im luxemburgischen ‚Klenge Prënz’ von Saint-Exupéry: Im Vergleich mit dem französischen Original und der deutschen Übersetzung“.
A senger Etude versicht de K. Tamura d’Particularitéiten am Gebrauch vum lëtzebuergesche Konjunktiv am Verglach mam franséische Subjonctif a mat deenen däitsche Konjunktiver 1 an 2 ervirzehiewen. Esou e Projet implizéiert, 1) datt déi terminologesch Problemer am Viraus geregelt sinn; 2) datt de franséische Subjonctif an déi däitsch a lëtzebuergesch Konjunktiver op d’mannst semantesch eppes mateneen ze dinn hunn; 3) datt d’Beispiller aus dem ,Klenge Prënz’, am Originaltext an an den däitschen a lëtzebuergeschen Texter strukturell, semantesch a stilistesch identesch sinn. Déi dräi Viraussetzunge bedéngen all Kontrastetude. Am Artikel ginn se vum Auteur net explizéiert, gehéieren awer stänneg zur Argumentatioun.
Déi franséisch Formë vum Subjonctif an déi däitsch vum Konjunktiv 1 an 2 gëllen als bekannt. Dofir awer gëtt d’Morphologie vum lëtzebuergesche Konjunktiv am Detail presentéiert diachronesch (cf. Bruch: Précis 19733 § 79-82 ) a synchronesch (Schanen/Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire 20051 S.88-92 oder 20122 §§ 61-73; 514). Intressant ass dobäi d’Remarque iwwert de Gebrauch vun den Hëllefsverbvarianten am zesummegesatene Konjunktiv Präsenz: géif/gif/giff, géing/ging, kéint/kënnt/kinnt + Infinitiv a verschiddene Kannerbicher, déi den Auteur gelies huet. De Choix vun dëse Varianten ass net, wéi de K. Tamura et unhëlt, sozialbedéngt, mä semantesch an areallinguistesch.
Déi wichtegst Dimensioun vun der Analys ass selbstverständlech déi funktional-semantesch. Wat bedeit jeeweils de lëtzebuergesche Subjonctif / Konjunktiv, wann e vum Josy Braun an senger Iwwersetzung gebraucht gëtt? Siwen ‚Inhalter’ (= signifiés, Funktiounen) sinn, nom K. Tamura senger (traditioneller) Lëscht, méiglech. 1) Indirekt Ried: Ech war houfreg drop, fir him ze soen, datt ech fléie kënnt. 2) Denken (och Fäerten, Erstaunen, Uerteel, Wonsch): De Kinnek huet nämlech staark drop gehalen, datt seng Autoritéit respektéiert géif. 3) Wëssen oder Erkennen: Ech hu laang Zäit gebraucht, bis ech wousst, vu wou en hierkéim. 4) Absicht (am Finalsaz): Dofir hunn ech du dat Bannenzegt vun der Boa gezeechent, fir datt déi grouss Leit endlech sollte kapéieren. 5) Irrealis: Se wier bestëmmt genéiert, ... wann se dat hei geséich. 6) Euphemismus (oder Feinte): Wiers de sou gutt, fir u mech ze denken? 7) Irréelle Vergläich mat wéi wann: ‚t war mer, wéi wann ech en zerbriechleche Schaz géif droen. Nëmmen d’Funktiounen 1 bis 5 kënnen an engems an deenen dräi Sproochen (franséisch, däitsch a lëtzebuergesch) mam Subjonctif / Konjunktiv markéiert ginn. De K. Tamura  limitéiert also säi ganz detailléierte Vergläich op dës ,funktionell Inhalter’.
D’Haaptresultater vun der Aarbecht sinn net nei, kënnen awer a kuerze Sätz formuléiert ginn. 1) Am franséischen Originaltext gëtt et 16 Verbalaussoe mam Subjonctif, wou an den däitschen a lëtzebuergeschen Iwwersetzungen den Indikativ steet. D’Erklärung läit doran, datt de franséische Subjonctif méi ‚maschinell’ wéi ,semantesch’ gebraucht gëtt oder, wa semantesch, d’Bedeitunge vum Subjonctif (F: Virtualitéit) a vum Konjunktiv (D a L : distanzéiert geduechte Welt) auserneeginn. 2) An der däitscher Iwwersetzung gëtt de Konjunktiv sengersäits net esou dacks gebraucht wéi am Lëtzebuergeschen (16 Fäll op 30). Dat hänkt dorun, datt am D. nach fir déi indirekt Ried de Konjunktiv 1 gebraucht gëtt oder d’Modalbedeitung vum Konjunktiv an der indirekter Ried neutraliséiert gëtt. 3) Am Lëtzebuergeschen ass nämlech de Gebrauch vum Konjunktiv 2, sief et vun den analytesche Formen (séich) oder vun de zesummegesatenen (géif gesinn), méi heefeg an der indirekter Ried: Ech hu laang Zäit gebraucht, bis ech wousst, vu wou en hierkéim. ... bis ich wußte, woher er  kam. ... jusqu’à ce que je sache, d’ou il venait. Well, wann den K. Tamura vun Denken, Fillen a Wësse schwätzt, dann ass dat meescht am Kader vun der indirekter Ried ze verstoen, esou datt hien sech an senger Grammaire einfach mat der Modalbedeitung vun der ‚distanzéiert geduechter Welt’ (Fäll 5 bis 7) a mam Konjunktiv als Zeeche vun enger indirekter Ausso (Fäll 1 bis 4) hätt kéinten zefridde ginn. Sou eng Vereinfachung hätt bestëmmt och dem klenge Prënz a sengem Lëtzebuerger Iwwersetzer besser gefall!

1 Cf. Google-Recherche PDF ënner dësem Titel.
2 Cf. LL 14/12/2007 : Déit ech kräischen, du géifs verschwannen, verwëscht wier däi Gesiicht (iwwert d’Terminologie Subjonctif / Konjunktiv / Conditionnel an d’Bedeitung vum Modus) ; LL 04/01/2008: Géif, géing, déit & Co (iwwert d’Hëllefsverben am Conditionnel composé mat Infinitiv).
3 Den Auteur schwätzt vun enger ‘konjunktivischer Bedeutung’ (z. B. wa vun der komposéierter Form géif/géing + Infinitiv rieds ass). Also setzt en och an deenen dräi Sproochen eng allgemeng Bedeitung vum Modus viraus.
4 Als strukturell net identesch gëllen z.B.: En huet scho gefaart, en hätt sech am Planet geiert (e Verbalgrupp) vs. Er fürchtete schon, sich im Planeten geirrt zu haben. Il avait déjà peur, de s’être trompé de planète (en Infinitivgrupp). Als stilistesch net identesch, kéinten am Franséischen déi zwou Aussoen ugesi ginn: Je ne compris pas pourquoi il était si important que les moutons mangeassent les arbustes (concordance des temps, déi vum Saint Exupéry applizéiert gëtt) vs. Je ne compris pas pourquoi il était si important que les moutons mangent les arbustes (aner méiglech Versioun mam Subjonctif présent). An der daïtscher Iwwersetzung gëtt de franséische Subjonctif net respektéiert: Ich verstand nicht, warum es so wichtig war, daß Schafe Stauden fressen. Op Lëtzebuergesch: Ech hunn net verstanen, firwat datt dat sou wichteg wier, datt d’Schof Gesträich friessen. (De Konjunktiv wier huet hei näischt mat der ,Concordance des temps’ ze dinn!)
5 Am Fong missten déi lexikalesch Varianten (ginn / kënnen / doen) an déi phonographesch (Braun schreift géif, Steffen giff, Rewenig kéint, Braun kënnt) getrennt ginn.
6 Emploi plus ‘mécanique’ que ‘sémantique’ mat: il faut que, afin/pour que, juqu’à ce que …: Approche-toi que je te voie mieux! Komm näher, damit ich dich besser sehe! Komm mol méi no, fir datt ech dech besser gesinn!
7 ‘Wenn das Herz spricht, steht im Französischen Subjonctif !’ : Je suis content que tu aies trouvé ce qui manquait à ta machine. Ech si frou, datt s de fonnt hues, wat un denger Maschinn futti war. Ich bin froh, daß du gefiunden hast, was an deiner Maschine fehlte. (Cf. il faut que, il est rare que, j’exige/aime/souhaite que ...)
8 Und eines Tages riet er mir, ich solle mich bemühen, eine schöne Zeichnung zustande zu bringen,damit es den Kindern bei mir daheim auch richtig in den Kopf gehe. An enges Daags huet e mer geroden, ech soll eng schéin Zeechnung maachen, fir datt et de Kanner bei mir doheem soll gutt an de Kapp goen.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land