Sprooch

Eng Online-Grammaire fir d’Lëtzebuergescht

d'Lëtzebuerger Land du 28.01.2022

Wann een um Internet no grammateschen Informatiounen iwwer déi grouss international Sprooche sicht, da fënnt een eng Hellewull vu ganz interessanten Internetsäiten, zum Beispill: lingolia.com, grammatikdeutsch.de, cordial.fr/grammaire. A wéi ass et da mam Lëtzebuergeschen? Am Internet zirkuléiere schonns eng ganz Rei PDF-Dokumenter mat klenge Grammairen, mä och am Lëtzebuergesche Wikipedia (fir d’Morphologie), op Luxogramm (fir d’Verben) oder op zls.lu (fir d’Schreifweis) fënnt ee scho vill spannend Saachen.

Do dernieft ginn et och Radiosemissiounen (100komma7.lu), Quizzer (rtl.lu) a Videolektiounen (youtube.com), déi sech mat der Grammaire vun eiser Sprooch auserneesetzen. Souguer wëssenschaftlech Aarbechten iwwer d’Lëtzebuergescht ginn et schonns gratis am Internet, cf.: Intonation des Luxemburgischen: System und Sprachkontext (J. Manzoni, 2021) Aspekte der luxemburgischen Syntax (C. Döhmer, 2019). An der Rubrik "Archiv" op land.lu fënnt een d’Artikele vum François Schanen, an deenen hie mat ganz vill Akribie eiser Sprooch op den Zant fillt.

Op der Säit Infolux gëtt et en Infodesk, op deem Froen iwwer eis Sprooch diskutéiert ginn, an op der Säit actioun-lëtzebuergesch.lu fënnt een all d’Nummeren aus de Joeren 1972 bis 1993 vun der Zäitschrëft Eis Sprooch am PDF-Format. Ech kann d’Internetsäiten an d’Online-Dokumenter iwwert eis Sprooch aus Plazgrënn net all an dësem Artikel opzielen an entschëllege mech dofir och bei deenen, déi elo enttäuscht sinn, datt ech hir Aarbechten hei net uginn. Ech erlabe mer dofir op d’Internetsäit lexilogos.com ze verweisen. Hei fënnt een eng impressionant Sammlung vu Sitten, déi sech mat eiser Sprooch ofginn.

Zënter eisem Artikel am Land vum 19.12.2002 „Internet: Gefahr oder Chance für das Luxemburgische?“ huet sech also immens vill fir eis Sprooch gedinn, an dat ass och gutt esou. Mir hunn zwar leider nach ëmmer keng Sproochsynthees, keng Sproocherkennung an och kee Grammarchecker, ma et däerf een net vergiessen, datt sou Logicielle vill Grondfuerschung viraussetzen. Wat ech och e bësse schued fannen, dat ass, datt mer déi vill grammatesch Informatiounen iwwert eis Sprooch néierens op enger eenzeger Internetsäit erëmfannen. Dofir hunn ech am Juni 2020 ugefaang, d’Tabellen aus mengem Buch Verbentabellen op Lëtzebuergesch online ze setzen a se mateneen ze verbannen. D’Resultat fënnt een op grammaire.lu, ma och dës Säit ass nach laang keng komplett Online-Grammaire fir d’Lëtzebuergescht.

Dobäi leien d’Virdeeler vun enger kompletter Online-Grammaire fir d’Lëtzebuergescht ganz kloer op der Hand: Grad an Online-Coursë via Zoom oder Teams ass dat immens praktesch, well de Lëtzebuergeschproff esou sengen Apprenantë just nach de Link op bestëmmt Online-Säite brauch ze mailen.

Op Säite wéi deutsch-perfekt.com sinn och nach autokorrektiv Übungen, mat deenen ee seng nei Grammatikskenntnësser direkt teste kann. Sou online Übunge loosse sech zum Beispill mat Säite wéi islcollective.com oder learningapps.org entwéckelen. An zwar net nëmmen Exercicer mat Lückentexter, mä och mat Video- oder Audio-Trainer, jo souguer mat Sproochsynthees. Feelt just nach d’Sproocherkennung!

An elo schwätze mer nach net mol vun enger Hypertext Grammatik, an där bestëmmt Wierder verlinkt sinn. Genee wéi am Wikipedia bauch een a sou enger Web-Grammatik just op e bestëmmt Wuert ze klicken, an da kënnt een op eng aner Säit mat Erklärungen zu deem Wuert. Lo stellt sech natierlech d’Fro, ob an enger Online-Grammaire fir d’Lëtzebuergescht och mat Iwwersetzunge geschafft soll ginn (Stéchwuert: Lëtzbuergesch als Friemsprooch), oder wier se éischter fir Mammesproochler geduecht?

A mengen Ae misst sou eng Online-Grammaire fir d’Lëtzebuergescht en evolutive Projet sinn, dee bestänneg ausgebaut géif ginn, a sief et nëmme fir reegelméisseg un déi allerneisten orthographesch Ännerungen ugepasst ze ginn. Duerno kéint se dann och an aner Sproochen iwwersat ginn, wat natierlech bei enger Internetsäit vill méi einfach geet wéi bei engem Buch. A virun allem ouni grouss Onkäschte fir d’Nodrécken.

Mir sinn iwweregens bei menge Recherchen zu dësem Artikel och Onkloerheeten um Niveau vum metalinguistesche Fachjargon opgefall. Seet een elo Méizuel oder Pluriel, Imparfait oder Präteritum, Akkusativ oder Accusatif? Oder gëlle vläit béid Ausdréck?

Den Internet bitt engem op alle Fall vill méi Méiglechkeeten a Fräiheete wéi de Medium Pabeier. Anerersäits leeft ee sou d’Gefor, sech ze vill am Detail ze verléieren a bei all Reegel ëmmer nach méi Beispiller an Ausnamen dobäizesetzen.

Dofir wier den Austausch um Terrain mat Lëtzebuergeschproffen an Apprenanten ëmsou méi wichteg, fir eeben hiren Uspréch un eng nei, modern Online-Grammaire och gerecht ze ginn. Als Ausgangspunkt kéint een zum Beispill mat der Grammaire luxembourgeoise vum F. Schanen a vum J. Zimmer schaffen, déi 2012 bei den Éditions Schortgen erauskoum.

D’Rad bräicht also net nei erfonnt ze ginn, mä just un en neie Medium ugepasst an ausgebaut ze ginn. Ofschléisse wéilt ech mat de Wierder aus eisem Land-Artikel vun 2002: „Et bleift vill ze dinn, pake mer et un?“

Jérôme Lulling
© 2023 d’Lëtzebuerger Land