E Resistenz-Exkurs

De Jemp Gillen vu Fëschbech

d'Lëtzebuerger Land du 10.11.2023

Wat e Buch! Fir mat de Baussenzechkeeten unzefänken: 1 724 Gramm schwéier, hard-cover of course, beschte Pabeier, 363 Säiten. A wéi erwaart: dat fënneft Wuert am Text vum Auteur Marc Trossen ass d’Wuert „stolz(en)“ Fräiwëllegekompanie a siwen Zeile méi weit dat anert onbedéngt erwaart Wuert „verhasste“ Polizeiuniform. Stolz an Haass – do sinn d’Stereotypen vun eiser Geschichtsschreiwung, wann et ëm d’Joren 1940-1945 geet, also ëm d’Nazi-Occupatioun vum Land an ëm Zwangsrekrutéierung an ëm d’Résistance. A wéi ëmmer huet een als Lieser – och no Lecture a Bliederen an dësem décke Buch – e puer Äntwerten an awer trotzdeem nach ganz vill Froen.

Woubäi ech perséinlech soe muss, dat d’Geschicht vun eiser Fräiwëllegekompanie, déi hei zentral ass, bis viru kuerzem awer och total laanscht mech gaang war – firwat? Eng gutt Fro, et muss eppes mat eiser mémoire collective ze dinn hunn, wou jo den Accent vill op Résistance a Generalstreik 1942 geluecht ginn ass an awer och guer net op déi jonk Zaldoten, déi op eemol däitsch Poliziste sollte ginn. Ech hat gemengt, dat wier meng perséinlech Lacune bis ech dëser Deeg gréisst Problemer hat, engem léiwe Mënsch ze explizéieren, datt dat Wuert „Fräiwëlleg-“ eben net géif heeschen, datt do Lëtzebuerger fräiwëlleg Nazi-Uniformen ugedoen hätten, mä datt et do eng éige Geschicht gouf, eben déi vun enger Arméi, déi et am Land zwar net gouf, wou et awer eng kleng Trupp vu fräiwëllegen Zaldote gouf. Si hat meeschtens representativ Aufgaben – wann d’Grand-Ducs dorëmmer gereest ass – a si haten de Reservoir ze stelle fir alles wat am Land Uniform (Police, Gendarmerie, Douane, Post) sollt droen. Hier Kasär war um St-Esprit-Plateau.

A wéi dunn op eemol kloer war, datt d’Nazien d’Land iwwerfale géifen, du sollten si – jo wat eigentlech? – mat hirer Presenz d’Grenzen iwwerwaachen a verdeedegen, mä déi kleesper Lëtzebuerger Barrièrë waren natierlech séier iwwerrannt. D’Zaldoten aus der Fräiwëllegekompanie waren awer net entlooss ginn, net heem geschéckt
ginn, mä si goufen en bloc vun de Nazien – jo wat eigentlech? – haut géif ech soen „zwangsrekrutéiert“, wuelgemierkt 1940, net 1942. De Marc Trossen schreift richteg vun „Luxemburger Zwangspolizisten“. Dat sollten si, déi jo schonn Drill un Uerder gewinnt waren, ginn: däitsch Polizisten. Do war anscheinend Umschulung néideg, 461 hunn dowéinst missen op Weimar, ugangs Dezember 1940. An ënner deenen Zwangspolizisten war eben de Jemp Gillen vu Fëschbech, deen spéider sollt doriwwer Tagebuch féieren.

Déi éischt Dokumenter am Buch si Postkaarten a Fotoe just vun där Umschulung. Mat der Pointe, datt d’Jongen (laanscht dat Wuert kënnt ee wuel net, sorry) gemengt haten, si kéimen erëm heem a kéinten am Heim-ins-Reich-Lëtzebuerg Poliziste sinn. An domat bei e Problem vum Trossen/Gillen-Buch: wichtegst a néideg Informatioune stinn op eemol net am Text mä an de Foussnotte vum Buch, esou – fir unzefänken – op der Seit 32, datt d’Lëtzebuerger eben net sollten heem geschéckt ginn, mä si sollte queesch duerch Däitschland agesat ginn – an dat wollten si net, also gouf et eng breet Demissioun aus där däitscher Police. An eben déi hunn d’Nazien net acceptéiert an den definitive Misär fir d’Lëtzebuerger huet ugefaang. Als repressiv Mesure sollt eng Kompanie a Jugoslawien geschéckt ginn. Et gouf Refus, Abschiedsgesuche an et sinn der desertéiert.

De Jemp Gillen ass mat iwwer honnert Kolleegen a Slowenien am Duerf Laak gelant. An där Géigend sollten – no der perfider Nazi-Dictioun – „Banditen“ bekämpft ginn. A Wierklechkeet ass et natierlech géintgt déi lokal Résistance gaang, géint d’Partisane. D’Lëtzebuerger ware knapps do, du waren der scho véier vun hinnen erschoss ginn „und mit allen militärischen Ehren bestattet“. D’Partisanen hunn d’Differenz tëschent Lëtzebuerger an Däitschen nach net kannt. Mä béid Säiten hu séier bäigeléiert: d’Lëtzebuerger hu, wéi et schéngt, mat der lokaler Populatioun fraterniséiert an ëmgekéiert. An dunn ass lues a lues opgefall, datt eben déi Lëtzebuerger am Partisane-Kampf keng Perte méi an hire Reien haten
iwwerdeems Däitscher an Éisträicher erschoss gi sinn. Derbäi koum: déi Lëtzebuerger sinn ëmmer méi rebellesch ginn: „Niemand will mehr in die Berge. Wir reichen Abschiedsgesuche ein. Wir haben das Lachen verlernt!“, schreift de Jemp Gillen. A si maachen de Geck mat Führer und Vaterland.

Op der Säit 58 vum Buch ass eng Foto, déi et nawell derwäert ass, méi genee bekuckt ze ginn: eelef „Polizisten“ hunn sech verkleet, zéng vun hinne kucken elegesch an eng aner Welt – méi genee: an Direktioun Lëtzebuerg, dat 1 200 Kilometer weit ewech wier, steet op engem Schëld – an e puer vun hinnen hunn en Hitler-Schnutz am Gesiicht. Lénks nieft de Nazi-Fuesboke steet awer e Partisan: eng folkloristesch Kap um Kapp, e Gewier am Aarm an e spatzt Messer an der Hand, mat deem hien op déi Pseudo-Preise diicht. De Message ass kloer: de GröFaZ gëtt attackéiert vun engem Partisan. An erëm an enger Foussnott steet, en SS-Generol hätt de Lëtzebuerger virgehalen „es wäre der Führung bereits bekannt, dass wir den Partisanen Vorschub geleistet hätten, dass Fälle von Desertion vorlägen, dass der Führer verhöhnt und dass sogar das Führerbild bespuckt wurde“. Kuerz a gutt: si sinn onzouverlässeg a rebellesch ginn a sollten dowéinst eng Verpflichtung „für Führer, Volk und Vaterland zu kämpfen“ ënnerschreiwen. 84 vun hinnen hu „Ja“, geäntwert, mä der 17 „Nein“: „Die Neiner wurden sogleich isoliert, ich befand mich auch da drunter“, schreift de Jemp Gillen. Mat der Konsequenz um Enn: KZ Dachau

An do gëtt et dann an deem Buch eng Lacune. Et géif ee gär gewuer ginn, firwat de Jemp Gillen a seng Kollegen „Neiner“ waren. Et kann een sech jo vill Grënn virstellen: reliéiser, politescher oder einfach patriotescher. Beim Jemp Gillen ass et éischtens net bekannt, firwat genee hien déi groussaarteg Decisioun geholl huet „Nein“ ze soen, an awer kann een eppes unhuelen: well am Buch ass op der Seit 37 schon eng Foto ze gesinn, déi berühmte Foto vun der Muttergottes, déi op dem Land trount an d’Land vu friemem Joch a Leed behidde soll („aus dem Archiv von Jemp Gillen“), an uewe riets am Eck eng aner méi kleng Foto: déi genee esou bekannt-emblematesch vun der Grand-Duchesse, déi och op dem Land steet mam Text, mir wéilte bleiwe wat mer sinn. Zwanzeg Säite weider dann e Gedicht mam Titel „Gute Nacht, Mutter!“, e kitschegen Text iwwer d’Mamm, déi hire Bouf, deen an der Friemt ass, esou gär hätt, déi e Bréif geschriwwen hätt an „plötzlich war die Heimat da, mit tausend lieben Grüßen“. De Marc Trossen schreift als Commentaire: „Auch solche Postkarten schickten unsere Soldaten, wie hier Jemp Gillen, nach Hause. Hierbei dachte der Fischbacher offensichtlich an seine Mutter, die zwei von den Deutschen zwangseingezogene Söhne hatte. (Archiv Jemp Gillen)“ an et freet een sech, ob déi dräi Dokumenter zesummen eng Fënster an d’Welt vun engem jonke Kärel sinn, OK e bësse kichepsychologesch: an do hätte matriarchal Strukturen dominéiert. An enger Foussnott gëtt e Neiner-Kolleeg vum Gillen zitéiert, dee schreift, si wiere léiwer gestuerwe wéi d’Heemecht an d’Grande-Duchesse ze verroden; déi wier „eine Heilige für uns, eine Mutter der Nation“ gewiescht. Oder hunn si all no Krich a KZ hier Erënnerunge mat de néidegen Archiv-Ikonen ausstafféiert? Eleng datt esou eng Sammlung vun Dokumenter gouf, ass schonn interessant, well de Marc Trossen schreift, datt „der Fischbacher, wie die allermeisten KZler, nach seiner Rückkehr in die Heimat, sehr selten mit seiner Familie über das Schaurige damals in Dachau erlebte sprach.“

D’Memoirë vum Häftling 29579 aus dem KZ sinn iwwregens de kierzesten Deel vun dësem Buch, well aus evidente Grënn konnt hie jo eréischt duerno eng Zort Tagebuch schreiwen. Keelt, Honger, schwéier Aarbecht, déidlech Krankheeten, Stacheldrot, elektreschen Drot, Brutalitéiten, Folter, permanent Doudes-Menace – dat war dräi Joer laang zu Dachau dem Jemp Gillen sei Liewen. Mä peu à peu sinn si och esouguer am KZ gewuer ginn, datt d’Amerikaner no bäi wieren, an de 29. Abrëll 1945 war et dunn esou weit: Dachau ass befreit ginn an de Prënz Felix himself stoung am Lager an huet mat de Lëtzebuerger geschwat, notéieren déi.

Dem Marc Trossen sei Buch iwwer de Jemp Gillen an iwwer Dachau ass virop – pardon – e Billerbuch. Et sinn enorm vill Dokumenter, Statistiken, Lëschte mat Nimm an Detailer an absënns ebe Fotoen dran, déi poignanst vläicht déi vun der Befreiung vum Lager: d’SS, déi erschoss gi sinn, d’Baracken, déi nach do stinn, en Zuch voll mat Läichen. An d’Prisonéier, déi iwwerlieft hunn a sech freeën a wénken. An hei erëm: vum Jemp Gillen gëtt een net vill gewuer, hie schreift nëmmen, datt d’Wiechter op den Tierm erschoss gi wieren an datt d’Cheffe fortgelaf waren. Mä de Marc Trossen zitéiert ganz vill aner Zeien – an da gëtt et eben d’Fotoen!

Och déi, wou een e Schëld gesäit, op deem steet „Quarantine Typhus“ – am KZ gouf et Fäll vu Flecktyphus, an dat hat als Suite, datt d’Prisonéier (och no der Liberatioun) méi laang hu missen am Lager bleiwen. An domat net genuch: d’Lëtzebuerger sinn och duerno net direkt heem komm, zwar an d’Land mee net wierklech heem, well si goufen e puer Deeg – nees a Quarantaine – zu Mondorf internéiert, peniblerweis an der Noperschaft vum Hotel, wou d’Nazi-Bonzen dran agespaart waren, eng béis Episod. Bei där een awer d’Impressioun huet um Leidenswee vun „In der Heimat unerwünschte Helden!“, titelt de Marc Trossen, dee resüméiert: „viele Fragen offen“ an hien stellt der do e puer. Mä als Lieser huet een d’Impressioun, datt hei ganz all Kämpf nach eng Kéier gekämpft ginn. An dozou gehéiert wuel och de Buttek tëschent de Jongen an der 1940-er fortgelaafener Regierung (notamment mam Victor Bodson), alles haut zimmlech wäit ewech. An awer; an de Kanner- an Enkelkreesser vun de „Jongen“ sinn dat wuel nach wichteg Süjeeën.

Am Resumé: am Marc Trossen sengem Buch ass vill ze fannen, vill ze kucken, vill recherchéiert ginn. Wien e bësse blatzeg bleift ass de Jemp Gillen selwer, quitt datt ganz vill Fotoen an Dokumenter aus sengen Tiräng kommen. Nom Krich ass hie Fieschter ginn an ass am Mee 1980 – am Fong jonk – gestuerwen. An elo eréischt, 43 Joer no sengem Dout, ginn seng Dokumenter publizéiert, schued, well et hätt ee gär mat him driwwer geschwat.

nico graf
© 2023 d’Lëtzebuerger Land