Archiv

Feuilleton / Sproocherubrik.lu

Vun der Quantitéitsregel

Vokaler … eenzel oder duebel?

François Schanen
Ausgabe: 26.07.2013
De virege Mount hate Professere mech fir eng Formatioun continue invitéiert. Ech sollt hinne bei der lëtzebuergescher Schreifweis – cf. Richteg lëtzebuergesch schreiwen1 – ënner d’Äerm gräifen. Ech sinn ëmmer frou, wann ech mat Kollegen Iwwerleeungen tausche kann. Leschten Enns awer ass eng …
D'Zuelen an de Numerus

Quantitéit(en)

François Schanen
Ausgabe: 24.05.2013
Wa vun een(t) an zwee Rieds ass – wéi a mengen zwou leschte Rubriken (cf. d’Land, 29.03.2013 an 19.04.2013) – da geet et ëm Zuelen awer och ëm d’Kategorie vum Numerus. Déi zwee – d’Zuelen an de Numerus – hu selbstverständlech eppes mat der Quantitéit ze dinn. D’Fro, déi ech haut stellen, ass, wéi …
Nominalgruppen

Zuel oder Artikel: Eent ass eent

François Schanen
Ausgabe: 19.04.2013
Wéi kann, an engem Nominalgrupp, d’Zuel „1“ (eent) vum Artikel een /eng ënnerscheet ginn? Dës Fro ass mir ewell e puer Mol gestallt ginn. Spontan hunn ech a menger Äntwert allkéiers, niewent syntaktesche Critèren, och d’Betounung berécksichtegt. D’Zuel „1“ gëtt meescht betount an een/ee …
Systematesch Entwecklungen

Eent an zwee

François Schanen
Ausgabe: 29.03.2013
Zwou Zuele si fir d’Apprenanten am LaF-Cours besonnesch schwéier, wann se mat hire Formen agefouert ginn an duerno an Nominalgruppe korrekt musse gebraucht ginn. Déi zwee Sproochelementer sinn engersäits d’Zuel „Zwee“ mat hiren dräi verschiddene Formen zwéin, zwou, zwee an d’Zuel „Eent“, déi och, …
Sockel-Genus

Fraen- an Autosnimm

François Schanen
Ausgabe: 15.02.2013
Et geet mir haut net dorëm, deem spannenden Thema nozegoen, wéi d’Fraen an enger Gendertheorie an an der Publizitéit benotzt a mëssbraucht kënne ginn, fir Autoen ze verkafen. Limitéiere wëll ech mech einfach op eng grammatesch Problematik – op de sougenannte Sockel-Genus an der lëtzebuergescher …
Sproocherubrik.LU

Maacht eis dach keen X fir en Tz vir

François Schanen
Ausgabe: 25.01.2013
D’Iwwerschrëft erënnert un eng bekannt däitsch-lëtzebuergesch Riedensaart: Engem en X fir en U virmaachen. Dat bedeit ongeféier, datt engem eppes virgegaukelt gëtt an hien doduerch bedrunn, belunn, getäuscht an hannergaange gëtt. D’Origine vum Sproch läit an de Zeeche fir réimesch Zifferen. V (als …
Sproocherubrik.lu

Wéini a wéi laang?

François Schanen
Ausgabe: 12.10.2012
Vill Sproochen – an d’ass kee Wonner – begräifen d’Zäit als Raum. Dofir sinn d’Präpositiounen an d’Kasussen an de lëtzebuergeschen Zäit- a Raumkomplementer dacks och déiselwecht. Den Akkusativ ouni Präpositioun zum Beispill weist op e Raum oder en Zäitraum, dee vum verbale Prozess „betraff“ ass …
Sproocherubrik.lu

De klenge Prënz an de Subjonctif

François Schanen
Ausgabe: 14.09.2012
De klenge Prënz ass e sympathesche Bouf aus der Weltliteratur, deen de franséische Schrëftsteller Antoine de Saint Exupéry 1943 an d’Liewe geruff huet. Haut ass e sécher traureg, well den Auteur, deem him seng lëtzebuergesch Kleeder an Adaptatioune verdankt, ugangs August gestuerwen ass. Dem Josy …
Präpositiounen

Unde a qua

François Schanen
Ausgabe: 24.08.2012
„Ass dat nach dran!“, héieren ech ewell e puer Stëppeler meckeren. „Linguiste vun haut, déi sech jo soss beméien, mat hirer Zäit ze liewen – déi gräifen elo och nach, fir d’Semantik vun de lëtzebuergesche Präpositiounen ze beschreiwen, op Critèren aus der laténgescher Grammaire zréck. Muss dat da …
Dat dynamescht zu + K2

Op, zu, an & Co

François Schanen
Ausgabe: 08.06.2012
Gelldiert! Wéinst der Iwwerschrëft kéint ee bal mengen, et géing mir haut nees ëm déi ‚trennbar Verbpartikelen’, déi een zum Beispill an anootmen, op- an zoumaachen fënnt, mä déi och soss funktionéiere wéi an: meng Dier ass ëmmer op (prädikativ) oder an: um Dag vun der oppener Dier (adjektivesch). …
D'Ausso am Lëtzebuergeschen

Virfeld an Nofeld

François Schanen
Ausgabe: 17.02.2012
An engem Interview vun 2007 mengt den Henri Losch, déi meescht Lëtzebuerger géifen hir Sprooch gutt a gär schwätzen, mä si kéinten se kaum korrekt schreiwen. D’Haaptfro bléif awer déi vun der Struktur vun hirer Sprooch. „Wou sollen se déi eigentlech hierhuelen?“, freet hien, an e verweist op …
Verbformen

Um Enn gëtt et där Verbformen dach e bëssen ze vill

François Schanen
Ausgabe: 27.01.2012
Eigentlech huet se guer näischt mat Wäschklameren, Zaangen, Pëtzen, Pincetten an, am Fong, och net mat Klammeren ze dinn. Déi grammatesch Beschreiwung, déi Klammertheorie heescht an déi gär ernimmt gëtt, wann den Opbau vu däitsche Sätz soll explizéiert ginn, kennt Der dach bestëmmt. D’Theorie geet …
Sazbau

SVO, VSO oder SOV?

François Schanen
Ausgabe: 20.01.2012
Maja, an eise Sprooche vun haut gi massiv vill Ofkierzunge gebraucht an dat geet ville Leit op de Su. An der allgemenger Grammatek zum Beispill gëtt fir de Sujet S, V fir d’Verb an O fir den Objet geschriwwen. Zwar kann ee liicht op esou Ofkierzunge verzichten, mä hire Gebrauch ass ganz geleefeg …
Onst Schoulmaterial

Wat gelift?

François Schanen
Ausgabe: 11.11.2011
Sou heescht d’Material ‚Lëtzebuergesch fir déi Jonk‘, dat de Service de la scolarisation des enfants étrangers vum MENFP Enn Mäerz 2011 presentéiert huet: e Léierbuch vun 128 Säite mat dräi Audio-CDen (3 x 70 Minutten) fir de Schüler an e Guide pédagogique (100 Säiten) mat engem CD-ROM fir den …
Personalpronomen

Pronominale Potpourri

François Schanen
Ausgabe: 16.09.2011
Och wann Dir d’Wuert net esou ausschwätzt a schreift, wéi den LWB et virschléit – Pottpurri op Lëtzebuergesch, Potpourri op Däitsch, pot-pourri op Franséisch ass bestëmmt kee schlecht Bild, fir déi puer Remarquen zesummenzerafen, déi mir, a leschter Zäit, Lieser vun de Sproo-cherubriken iwwert déi …
D'Konjunktioun well

Du weess dat net, well du waars net do

François Schanen
Ausgabe: 05.08.2011
Vläicht hutt Der beim Entdecke vun der Iwwerschrëft spontan dru geduecht, et géing mir haut ëm de ‚Kontaktiv‘ well goen, deen esou opfälleg massiv vun den Anglophone benotzt gëtt. O neen, mech intres[-]séiert hei net den englesche Konnekter well, an – iwwregens – och net dat lëtzebuergescht …
Am Numm vun der Political correctness

Wat maache mer dann elo mat de ‘geduuzte Fraleit’ an der Sproocherubrik?

François Schanen
Ausgabe: 23.06.2011
An engem Bréif un d’Redaktioun (d'Land, 22.04.2011) huet d’Mme Jeanne Turnau-Offermann mir ‚misogyn Ausdréck‘ an apaart de Gebrauch vum Wuert Framënsch/Fraleit virgeworf. All Lieser/Lieserin huet d’Recht, en Text z’inter­pretéieren, wéi hien/si (hien/hatt) et wëllt. Déi Zensur awer, déi ech do, am …
Zesummeliewen

Dierzen an Duzen

François Schanen
Ausgabe: 24.03.2011
Am Laf-Unterrecht, wéi a villen anere Friemsprooche-Coursen, ass den Thema vum Dierzen / Däerzen an Duzen ee vun deene beléifsten. Dat läit dorun, datt de Sujet kee pur grammateschen ass, an datt déi morphologesch Forme kontextuell nëmme kënne richteg gebraucht ginn, wann een déi pragmatesch …
Lëtzebuergesch-Fuerschung

PhonLaf

François Schanen
Ausgabe: 03.03.2011
Loosst Iech nëmmen net vun der Ofkierzung ofschrecken. PhonLaf gehéi­ert zum infolux – Forschungsportal zum Luxemburgischen, wou een Informa­tiounen iwwert d’Recherche-Aktivitéite vum Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises vun der Uni du Luxembourg fënnt. Vun deenen aacht …
Jargonge

Impo(r)tenz

François Schanen
Ausgabe: 10.02.2011
Iwwerm Liesen oder Schreiwe gëtt een heiansdo gelungen iwwerrascht, esou datt een nëmmen driwwer laache kann. E puer Buschtawe méi oder manner? Maja! Dorop kënnt et dach net un, sot de Jong an der Schoul, wéi e fir Salpetersäure, Sankt Peterseier geschriwwen hat. Och de Schreiwert, deen an der …

Mehr Treffer …