Jargonge

Impo(r)tenz

d'Lëtzebuerger Land du 10.02.2011

Iwwerm Liesen oder Schreiwe gëtt een heiansdo gelungen iwwerrascht, esou datt een nëmmen driwwer laache kann. E puer Buschtawe méi oder manner? Maja! Dorop kënnt et dach net un, sot de Jong an der Schoul, wéi e fir Salpetersäure, Sankt Peterseier geschriwwen hat. Och de Schreiwert, deen an der RTL-Dageszeitung vum 13.12.2010 invitéiert hat, déi schéinste Këppercher amplaz Krëppercher am Grand-Duché z’entdecken, muss geschmunzt hunn. Majo! E Krou ass keng Kou a keng Kroun, och wann ee gedronk huet, ee Reebou huet näischt mat réi(e) Boun(en) ze dinn, an Téi vum Séi kléngt trotz sengem Aroma net esou romantesch wéi der Lorelei hir lackeleg Téin. An deene leschte Woche mat deene ville Festdeeg, wou fir d’Schneekerten d’mise en bouche just nach eng mise en bûche war, a wou mer eis fléck, fir Neijooschdag, vill Gléck gewënscht hunn, wäert eng Grëtz Witz dach näischt schueden.

A Jargone gëtt et dacks geléiert Wierder, déi vu Fachleit an Net-Spezialisten als Doublet vu méi allgemenge Lexeme gebraucht ginn. Do hu mer zum Beispill d’Wuert Importenz. Fir Lëtzebuerger ass et liicht ze verstoen. ‘Importenz: Däitsch: Wichtigkeit, Gewicht; Franséisch: importance (poids, portée)’, schreift de lod.lu an e liwwert e Beispill aus der Politik: den neie Schäfferot wëllt der Sozialpolitik eng méi grouss Importenz ginn. D’Wuert ass ewell laang am Ëmlaf, méi laang wéi een denkt1. Haut zu Lëtzebuerg schéngt et zum Idiom vun de Politiker a Gebilten ze gehéieren. Eng kleng Google-Stéchprouf um Internet weist effektiv, datt et a lëtzebuergeschen Texter, wou et virkënnt, meescht ëm e politescht oder kulturellt Thema geet. Rieds ass do vun der Importenz vum Benelux, vun Europa, vun Investissementer an Agencen, mä och vum Thierry (van Werveke) senger Importenz am lëtzebuergesche Kino, vun der Importenz vum Sport a vum ‚Wäerte- a Reliounsunterricht‘ an der Schoul. Konzen-tréiert ee sech awer – an där Stéchprouf – op déi däitsch Zitater, da misst ee bal mengen, datt Importenz (mat ‘e’) net zur däitscher Kultursprooch ge-héiert2, mä zur lëtzebuergescher, well et just an e puer Texter steet, déi aus dem Grand-Duché kommen: Communiquéë vum OCBL a vun der FCPT-Syprolux, Extrait aus enger Keeler Geschicht. Déi aner Auszich op däitsch – an dat sinn der nawell vill! – gehéieren zu Texter, wou Importenz – an dat ass net fir ze laachen – mam medizinesche Fachausdrock Impotenz (ouni ‘r’) verwiesselt gëtt3. Ob dat elo nëmmen eng iwwerflächlech orthographesch Verwiesselung ass oder ob et méi en déifstrukturelle Lapsus verréit, weess ech net. Loscht hunn ech awer, déi spaasseg Wierderassociatioun e Krack weider ze verfollegen.

D’Zil vu ville lëtzebuergesche Sprooch­­amateuren ass et, eis Sprooch géint d’‚Ugrëff‘ vun anere Sproochen (apaart vum Däitschen) ze ‚verdeedegen‘. Warscheinlech géifen déi meescht vun hinnen hire Matbierger roden, dat ‚friemt laténgescht‘ (eventuell och als ‚däitsch‘ etikettéiert) Importenz duerch déi méi ‚geleefeg‘ Substantiver Wichtegkeet oder Bedeitung z’ersetzen. Mir kenne jo all déi Argumenter, déi zënter Joeren an de Medie verbreet ginn, fir, aus Léift zu eiser Sprooch, aus Begeeschterung fir eise Patrimoine, aus Trei zu eiser Hémecht an eiser Identitéit an an an – sou wäit wéi méiglech – e ‚gutt echt Lëtzebuergesch ze praktizéieren an z’erhalen. Um Objektiv selwer assnäischt auszesetzen an déi meescht dofir initiéiert Actiounen a Publikatiounen si jo luewenswäert.

D’Medail vun dëser Zort Sprooche­fleeg huet och hir Récksäit. Wann d’Importenz vun der ‚National‘-Sprooch iwwerschat gëtt, da verschäerft sech och d’Striewen nom ‚typesch Lëtzebuergeschen‘. Do entsteet dann d’Loscht an de Wëllen, eis Sprooch z’iwwerwaachen, ferm am Grapp ze behalen a stänneg an d’Botz ze droen, fir datt se nëmmen net vun ‚auslänneschem‘ Afloss a ‚friemen‘ Transferte weider ‚verseucht‘ gëtt. (Majo, wat kréien déi däitsch Fernsehprogrammer an déi aner Medien der dann op hire breede Bockel!4) Wann ee sech awer protektionistesch ofkapselt, da bleift zum Schluss nëmmen nach d’Vergaangenheet als eenzegt Orientéierungsschëld. Recommandéiert gëtt dann eng Zort Antiquariat, dat idealiter rekonstruéiert an idealistesch verkläert gëtt. Dat gëllt dann och – ob argumentéiert oder, am Géigendeel, stautesch an onwëssenschaftlech imposéiert5 – als Norm. An esou gëtt de Gruef ëmmer méi grouss, deen tëschent dëser vereelzter privilegéierter Ausdrocksweis an där geleefeger Sprooch um Terrain, an de Medien, an deene verschiddene Literaturbranchë besteet. Trotz der ufanks affichéierter Importenz, déi ‚eiser Sprooch‘ unerkannt gëtt, féiert dës Sproochefleeg um Enn dach zum Fiasko: Impotenz also trotz der deklaréierter Importenz!

A mengen Aen – an ech sinn do net deen Eenzegen, och wann ee selbstverständlech anerer Meenung ka sinn – ass esou eng protektionistesch Haltung fir d’Lëtzebuergescht net grad dat Wichtegst a vläicht och net dat Richtegt. Eng Sprooch – ob grouss oder kléng, national oder international, inlännesch oder auslännesch – ass ni uniform eenheetlech, mä heterogen a méisäiteg – an dat op alle méiglechen Analysenniveauen a -perspektiven6. Eng schwaarz-wäiss oder richteg-falsch Problematik ass guer net gëeegent, fir déi verschidde Facettë vun der Oneenheetlechkeet z’erfaassen. Och d’Perspektiv vun der Sproochnorm ass vill ze enk. De Choix: Purismus versus Pourrismus ka selbstverständlech mat berücksichtegt ginn, mä eréischt no enger laanger Rëtsch vun anere méi objektive Froen. E Fait de langue muss d’éischt mol, wann e mat Fangerspëtzegefill observéiert ass, adäquat ënnersicht a pertinent interpretéiert ginn. Wat? Wou a wéi? A wéi engem Kontext, Sproochregister, Jargon? A firwat grad do? Importenz ass zäitgenëssesch kee ‚friemt‘ Wuert. Et gehéiert zum Lëtzebuergeschen, grad wéi Wichtegkeet. Mä weder gesellschaftlech (soziolinguistesch, diastratesch), nach diskursiv (thematesch, diaphasesch) fonctionnéiert et am selwechte Register an Idiom wéi säin Doublet. Amplaz vun enger steriliséierter homogeniséierter ‚typesch lëtzebuergescher‘ Ausdrocksweis ze schwäermen, déi ganz kënschtlech wierkt an déi, an deene verschiddene Situa-tiounen, wou d’Sprooch gebraucht gëtt, et och eigentlech net gi kann, wier et bestëmmt besser, sech op déi sëllech Form-, Register-, Medien- an Dikursvarietéiten ze konzentréieren, déi d’Pragmatik vun eiser Sprooch haut fruchtbar meeschtere muss

1 Et steet an der Regierungserklärung op Lëtze-buergesch vun 1999, awer och schonn am Gangler sengem Lexicon vun 1849: ‚Die Wichtigkeit, l’importance, f. – Grandeur des sots – D’as èng Affaire vun der grésster Importènz, es ist eine Sache von der größten
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land