Zoom op d’Sprooch

Nimm an Eegennimm als „friem“ Ausnamen

d'Lëtzebuerger Land du 29.06.2018

Oh, déi léif Ausnamen, géif ech soen, an dann awer och direkt d’Orthographie vun enger Iwwerschrëft wéi „Briten am Brexit-Exil“ stoe loossen, also den Numm vun de Briten (een t), dat heescht de
Bierger vu Groussbritannien (een t), déi de Brexit (een t) erliewen a vläicht – sou kéint ee mengen – sech wéi am Exil (och nëmmen een l) virkommen, also iergendwéi als Ausnamen optrieden.

Ganz allgemeng geet et hei also am Lëtzebuergeschen ëm den Trend, do Ausnamen anzeféieren, wou, jee nom Domän, d’Uwennung vu Prinzipien a Reegelen duergéing. Woufir eppes einfach maachen, wann et komplizéiert och geet?, freet sech de Lëtzeburgophon a ville Fäll, mat deenen anerer heiansdo ganz gär géi­fen opraumen. Déi dräi Serië Beispiller a Reegelen a mengem Zoom gehéieren zu der heterogener semantescher Kategorie vun den Eegennimm a betreffen 1) deelweis hir Schreifweisprinzipien; 2) eng Partie (Eegennimm op -n) vun der N-Reegel; 3) de Gebrauch vum Definitartikel d- (+ Numm/Eegennumm).

1 Fir d’éischt, kucke mer eis den orthographeschen (phonographeschen) Aspekt vun eiser Sprooch un. Am Infodesk vun der Uni Lëtzebuerg freet eng Damm: „Wéi géift Dir de Bierger vu Groussbritannien hiren Numm schreiwen: Sinn et Briten? Oder awer Britten? An d’Adjektiv?“ Am Peter Gilles senger Äntwert, där een zoustëmme kann oder och net (hie plädéiert fir den „Internationalismus“ mat engem , mee dat ass hei net de Problem), gi verschidde Rechtschreifprinzipien erwähnt1. Ausser dem generelle pragmatesche Prinzip vun der Einfachheet/Schwieregkeet2 geet et selbstverständlech ëm d’Quantitéitsreegelen3 – do misst dann den verduebelt gi wéinst deem kuerz ausgeschwate betounte Vokal virdrun (also Britt, Brittin) … mat der Gefor – an do hätte mer dann en drëtte Prinzip (Prinzip vun der distinktiver Funktioun) – datt een en Insulaner (ee Britt) mat enger Zopp (eng Britt,
e Bouillon) géif verwiesselen4.

Mee, an dat ass déi véiert Remark vum Här Gilles, och an anere Sprooche kritt d’Orthographie vum Bierger vu Groussbritannien sengem Numm nëmmen een . Zum Beispill am Franséischen (britannique mat engem kuerzen /i/, engem an zwéin : Britannique) an am Däitschen (mat engem laangen /i:/, mä engem  : Brite, Britin). Am Kloertext heescht dat, datt d’Oppositioune vun de Quantitéitsreegelen an anere Sproochen (am Verglach mam Lëtzebuergeschen) kënnen neutraliséiert ginn5.

Dann ass zulescht och Rieds vun Internationalismen, vun internationaliséierte Wierder, ouni datt dës Internationalisme genee definéiert wieren. Et gëtt just ugeholl, datt et sënnvoll wär, d’Struktur vun der Ausgaangssprooch bäizebehalen (hei een , mee wéi ass dann den „i“: kuerz oder laang?). Amplaz den Ausdrock Struktur vun der Ausgaangssprooch gëtt och dacks d’Wuert Friemwuert gebraucht. Zum Beispill wa gesot gëtt, datt „Friemwierder“ am Lëtzebuergeschen d’Schreifweis vun der Ausgaangssprooch bäibehalen (hei am Beispill also just een , mee mat wat fir engem : kuerz oder laang?): Brit, Briten, Groussbritannien, britesch. Den Transfer vun engem Eegennumm (a vun anere frieme Lexemer) aus enger anerer Sprooch an d’Lëtzebuergescht ännert also dacks näischt un der Schreifweis: Am Lëtzebuergesche gehéieren d’Eegennimm oft an Ausnamsserien. Dofir ass et och menger Meenung no besser, de Begrëff Neutraliséierung vun de lëtzebuergesche Quantitéits- a Qualitéitsoppositiounen ze gebrauchen, wéi dee vill ze vagen Term Internationalissem.

2 Bleiwe mer nach bei den (ongenee genannten)
Eegennimm, dës Kéier just am Kader vun der N-Reegel. „Den n bleift stoen“, seet de Site e-orthographie vum LOD, „um Enn vun Eegennimm, wéi bei den Heng, de Jang Rinnen kënnt...“. Oder an der Broschür Gewosst wéi um Site schreiwen.lu: „Den oder um Enn vu verschiddene Substantiven oder Nimm gëtt […] geschriwwen a fält net ënnert d’N-Reegel (den n bleift also stoen): d’Reunioun gëtt gehal, ech hu mer de Kënn raséiert, d’Léierin gesinn, d’Maschinn flécken, an Ungarn reesen“ (S. 23).

Bon! D’N-Reegel ass an eiser geschwater a geschriwwener Sprooch méi komplizéiert, wéi dat meescht ugeholl an agestane gëtt6. Eng Opfaassung, déi am Infodesk vun der Uni Lëtzebuerg7 kloer suggeréiert gëtt, misst verdéift ginn: d’N-Reegel wier fir d’éischt als Aussproochreegel phonetesch deskriptiv z’erklären; si wär primär eng phonetesch Upassung, déi duerch d’Artikulatiounsplaz vum nofolgende Konsonant (/t/, /d/, /ts/, /h/, /n/ oder vun engem Vokal oder vun der Artikulatioun bei enger Pausa gesteiert géif, mee si wär och a méi flouen Ënnerreegelen u praktesch kontextuell Realisatiounsbedingunge gebonne, wéi 1) d’Noutwennegkeet, d’Identitéit vum Lexem net ze verkennen oder ze verstümmelen an/oder 2) wärend der Ausso fir en normalen Tempo (ouni Paus) ze suergen8. Déi praktesch kontextuell Realisatiounsbedingunge brénge mat sech, datt déi éischt Korrespondenzreegel vun der orthographescher N-Reegel, déi bis elo (an de Virschrëften) ervirgehuewe gouf, net ëmmer stëmmt. Besser wier et, op den „allgemenge“ Prinzip ze verzichten: Net all End-n, dee viru verschiddenen Ufankslauter net ausgeschwat gëtt, gëtt och am Geschriwwenen net [onbedéngt] ewechgelooss (cf. eng Spunie(n)reess, de Schane(n) zu Schenge(n) besichen, Recke(n) bei Miersch; den L.O.D. [viru Verkierzungen], mee de LOD [viru Wuert], eng lescht betount Silb op -n: -’an, -’än, -’(t)ioun, et cetera.

3 Dacks kann ee liesen, datt am Lëtzebuergeschen d’Eegennimm ëmmer mam bestëmmten Artikel gebraucht ginn: Albert, Chantal, Wirtge(n) op Franséisch, den Albert, d’Chantal, de Wirtge(n), d’Astrid Lulling op Lëtzebuergesch. Mee dës Reegel ass an hirer Allgemengheet och falsch. Am Infodesk vun der Uni (Wéini gebraucht een een Artikel viru Nimm?) fënnt een eng ganz didaktesch Ënnerscheedung tëschent enger „objekt-sproochlecher“ a „meta-sproochlecher“ Funktioun: den Eegennumm huet kee bestëmmten Artikel, wann e just e metasproochlecht Zeechen duerstellt („Gänseféissercher“: Ech heesche „Jos“). An enger anerer méi geleefeger Terminologie heescht dat, datt den Numm als metasproochlecht Zeeche keen Definitartikel huet (dee Mann heescht
Ø Jos), an datt den d-Artikel Nominalgruppe mat Nimm markéiert, déi referentiell (existentiell an aktualiséiert) sinn: den Albert, d’Isabelle9.

1 Cf. F. Schanen/J. Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire, Schortgen 2012, §§ 358-369; Infodesk: Groussbritannien? E Brit? Eng Britin? Oder e Britt/eng Brittin?

2 D’Schreifweis vun den Nimm, seet de P. Gilles, ass bestëmmt net einfach. (Et geet hei net generell ëm d’Nomina, dat heescht ëm d’Nominalbasisse vun de Nominalgruppen, mee ëm déi sougenannt Eegennimm am engen a breede Sënn, eng spezifesch – semantesch – Wuertkategorie mat vill flou definéierten Ënnerklassen.

3 Cf. F. Schanen/J. Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire, Schortgen 2012, § 367 ssq.

4 Obschonn kontextuell (an enger Gruppegrammatik) e maskuline Brit(t) kaum mat engem feminime bouillon (eng Britt) an enger Brittin verwiesselt ka ginn!

5 Cf. „D’Enn vun den Internationalismen“. 46: in
F. Schanen: Lëtzebuergesch Sproocherubriken, Schortgen 2013, 109-111. Mat ganze Beispillserien.

6 Cf. F. Schanen/J. Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire, Schortgen 2012), §§ 457-464; Sproocherubriken, Schortgen 2013; d’Land, 07.04.2006

7 Gëtt et e Grond, wisou d’Eifeler Regel bei Nimm net ugewannt gëtt?, mat der Äntwert vum P. Gilles

8 Wat den Tempo ugeet, cf. „D’N-Reegel“, d’Land, 04.08.2017

9 Cf. „Déi kleng Kanner oder d’kleng Kanner?“,
d’Land, 08.05.2015, Nott 4; F. Schanen/J. Zimmer: Lëtzebuergesch Grammmaire, Schortgen 2012, § 199

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land