Aus senger Fieder stammt deen alleréischte Layout vum Land: 105 Joer ass de Grafiker, Zeechner a Schrëftsteller Pe’l Schlechter dësen Abrëll ginn. Mir waren op Besuch

„De Carlo war e Knéckjang“

De Pe’l Schlechter  dëse Méinden  am Konviktsgaart
Photo: Sven Becker
d'Lëtzebuerger Land du 05.06.2026

d’Land: Wéi geet et Iech, Här Schlechter?

Pe’l Schlechter: Abee, wéi engem ale Mann.

Dir hutt dach nach am November e Buch erausginn?

Jo, dat lescht, dat waren d’Fabele vum La Fontaine op Lëtzebuergesch. Dat hunn ech esou ganz niewelaanscht gemaach. Dat huet mir scho Spaass gemaach, mee meng Haaptbeschäftegung war awer ëmmer nëmme Grafik. An d’technescht Zeechne beim Architekt.

Vill Leit wësse mol guer net, datt Dir Architekt gi wollt…

Jo, de Krich ass mir dertëscht komm. Wéi ech am Kolléisch mäi Passageexamen hanneru mer hat, dunn huet et geheescht: Wat fänks de mat dengem Liewen un? Ech wollt ëmmer eppes hunn, wat mat Molen an Zeechnen ze dinn hat. An dunn hunn ech meng zwee Zeecheproffen, Lamboray a Schaack, ëm Rot gefrot, an déi hunn allen zwee gesot: Lauschter ons no, géi an d’Handwierkerschoul an d’Baufach. Ech hat aner Saachen am Kapp: Ech wollt Theater- oder Fënsterdekorateur ginn, souguer Mouden-Entwerfer. Du war ech an der Handwierkerschoul a glécklech – ech hat dat Richtegt geroden, an ech hunn dunn 1939, just éier de Krich iwwer Lëtzebuerg koum, beim Pierre Grach, mengem éischte Patron, mat schaffen ugefaang. Duerch de Krich war awer vun engem Dag zum anere keng Aarbecht méi do fir ons. D’Projete sinn an d’Waasser gefall, an dunn huet de Mann ons missten entloossen.

Gëtt et e Projet, un deen Dir Iech besonnesch erënnert?

D’Verwaltungsgebai vun der Faïencerie an der Millebaach. Dat hunn ech gezeechent. Ech denken ëmmer drun, wann ech mol dolaanscht gefouert ginn. Dat war meng éischt Aarbecht. Also ech war just chargéiert fir d’Fassaden. Duerno hunn ech beim Architekt Arthur Thill geschafft. An dunn hu mer Zinemae gebraucht. Den Eldorado an de Marivaux. Do hunn ech matgehollef. An dat war schrecklech interessant, et huet een enorm vill geléiert, och iwwer Sécherheetsvirschrëften. Zum Beispill an enger Rei Still hunn net méi wéi 15 Plazen dierfe sinn. Dat heescht, deen, deen an der Mëtt agespaart war, deen hat net méi wéi siwen Sëtzer ze passéieren. An d’Dieren hunn all missten no baussen opgoen. Den Arthur Thill huet mech nach jorelaang duerno gefrot, fir e wéineg matzehëllefen, zum Beispill zu Bouferdeng, wou hien d’Altersheem gebaut huet a mech chargéiert huet fir d’Fassad. Nom Krich war ënnert den Architekten eng grouss Oprou mat der Rekonstruktioun. Déi hate kenge Leit. Ech war an d’Wehrmacht agezu ginn a sinn dono an Holland desertéiert, wou ech nach Méint laang verstoppt war. Bis August/September 1945, wéi ech eréischt heemkoum, an am Zuch vu Bréissel op Lëtzebuerg hunn ech dräi Propositioune vun Architekte kritt, fir ze schaffen. E puer Frënn, déi och Artiste waren, d’Gebridder Jos an Emile Probst, sinn dunn u mech erugetratt a soten, d’Architekte Pierre Reuter a Léon Loschetter hätten e Büro opgemaach. Wëlls de net bei déi schaffe goen? D’Architekten haten sech fir d'Rekonstruktion d’ganzt Land an d’Terrainen opgedeelt. Jiddwereen hat seng Regioun, wou e geschafft huet. An déi hei hate keng geografesch delimitéiert Zon, mee si haten eng Spezialitéit: zerstéiert Kierchen erëm opbauen. Dat huet mir dunn e bësse méi interessant geschéngt, wéi Kanéngerchersställ opzebauen.

Ären éischte Büro als Grafiker war um Aldringen?

An der Aldringer Strooss Nummer 19, dat heescht, wou ënnenan de Bistro ass, den Interview. Ech war do um éischte Stack uewendrop. Dat hunn se den Entresol genannt. An do an dee Bistro rof sinn ech dacks owes e Pättchen huele gaangen. De Wiert huet Diderich geheescht, a mir hunn en de „Liddereg“ genannt, well dee stoung de ganzen Dag op der Schwell vu sengem Bistro ze kucke wat an der Strooss géing virgoen, a wann e Client koum, dann ass en op d’Säit gaang, fir dass dee konnt eragoen, an dann huet e geruff: „Marie, et ass e Client do, zaap deem en Humpen!“ (laacht)

Wéi sidd Dir mam Lëtzebuerger Land a Kontakt komm?

Ech hu quasi matgehollef d’Land ze grënnen. De Carlo Hemmer war e gudde Frënd vu mir. Do hat ech nach mäi Grafikstudio an der Stad. An ech hat Kontakt mat jiddwerengem. Ech hat sämtlech Stater Geschäftsleit als Clienten. Hien huet mech ugeruff: „Ech hu wëlles, eng Zeitung ze grënnen. Hues de Loscht, matzeschaffen?“ Et ass esou ausgaangen, dass ech him eng naturgrouss Maquette gemaach hu vun enger siechzéngsäiteger Zeitung mat alles drop gemoolt, wéi ech mir dat fäerdegt Blat virgestallt hunn, inklusiv d’Entête, an och d’Entête vun den Zwëschenartikelen an esou weider. Vun do un hunn ech jorelaang all Woch op di éischt Säit e Gedicht mat enger Zeechnung gemaach. Bis ech es genuch hat beim Carlo – do sinn d’Suen net esou séier komm. Dat war e Knéckjang (laacht). An ee gudden Dag konnt ech dat net méi maachen, well ech ze vill mat mengen normale Clienten ze dinn hat. Mee ech hu mat där Zeitung matgelieft. Mam Carlo, dem Kriepse Rosch, dem Kinsche Lee. Duerno hunn ech op der Foire geschafft, bis ech Pensioun hat.

Dir sidd jo éier a bescheidene Verhältnisser grouss ginn. Äre Papp Demy Schlechter war jonk gestuerwen an Är Mamm war op emol eleng mat véier Kanner. Gehollef krut si vun hirer Schwëster – enger Frau, fir déi de Putty Stein d’Lidd: „Dem Wirsch seng Wueden“ geschriwwen huet.

Jo. D’Tata Wirsch (eigentlech Virginie Muller, d.Red.) war menger Mamm hir eelst Schwëster. An déi ass Jonggesell bliwwen, déi huet dem Papp seng Roll iwwerholl, fir d’Brout ze verdéngen. Déi huet als Chef Vendeuse an der Maison Brasseur geschafft, an der Groussgaass. De Putty Stein huet dat Lidd geschriwwen a jiddwereen huet gesot, dat war fir déi. Fir mech war se jo ural, mat fofzeg Joer. Et war eng imposant Fra, grouss gewuess, riicht. Eng schéi Fra. An ech gleewe gär, dass de Putty Stein si gemengt huet, mat de Wueden. Mir hunn se heiansdo „Tata Unwirsch“ genannt; si huet ëmmer esou aggressiv geschwat – dat war hir Manéier fir léif mat ons ze sinn. Mir hu jo eréischt méi spéit verstanen, wat fir eng Roll se hat!

U wéi eng Zäit erënnert Dir Iech am léifsten?

Vläicht u meng Kannerzäit, wou mer als Bouwen op der Strooss konnte spillen, iwwerall, et ass nach net dat do ginn (tippt mam Fanger wéi op e Smartphone). Ech hat ëmmer iergend e beschte Frënd, e Kolleeg, a mir hunn ons net genéiert, fir iwwerall der stiichten ze goen, wou mer nëmme konnten. Mir waren als Kanner doheem ganz selbstänneg. Et war kee Papp do, d’Mamm hat keng Zeit fir déi ganz Häerd – jiddereen huet gemaach, wat e wollt. Déi Fräiheet, déi een hat, e Gaassebouf ze sinn, dat war schéin. Mir si prinzipiell séier fortgelaf wa mer e Mann an enger Uniform gesinn hu kommen. Et hätt jo kënnen eng Police sinn. Et war vläicht nëmmen e Bréifdréier oder en Eisebunner, mir wossten et net a si gerannt. Mir si schelle gaang un d’Dieren. Mir hunn déi gelungenste Saache gemaach. Wann de Lantermännche koum mat senger laanger Staang, owes d’Lanteren ufänken an déi net direkt ugaangen ass, dann huet hien do esou ee grousse Fixspoun an d’Staang eragestach fir se unzefänken. Dat war „Lanterfix“. Déi hu mir misste kréie vun him. Dräi, véier Spéin, da ware mer glécklech. Déi konnt een egal wou ufänken. An dann hate mer eng Kéier en doudege Maulwuerf fonnt. Do hu mer deem aus geklaute Glasplacke vun de Lanteren e gliesene Sarg gemaach an e feierlech begruewen...

Wat ass eigentlech Är fréisten Erënnerung?

Mat menger Schwëster, déi zéng Joer méi al war wéi ech a mech iwwerall matgeschleeft huet, well ech deen aarme klenge Jong war, dee kee Papp hat, war ech eng Kéier op der Schueberfouer. A meng Schwëster wollt mer eng Zockerstaang kafen, sot: „Bleif hei stoen, ech ginn dohinner mech an d’Rei stellen, fir eng Zockerstaang ze kafen.“ Ech war esou e Béifche vu véier Joer vläicht. Hei koum tëschent de Buden e Mann an engem samette Kostüm eraus. Esouwéi e Fierschter huet en ausgesinn. An deen huet mech mat der Hand geholl an ass gaangen – an ech mat! An dee Moment dréit meng Schwëster sech ëm, déi hat grad hir Zockerstaang am Grapp an deet eemol haart Kreesch an rennt dohinner. Si hat eng Posch aus metallen, renge Ketten – esou eng Ketteposch – an huet deem Mann déi Flang an d’Fassad gefacht, mech ewech gerappt an ass gelaf a gelaf. Soss géif ech vläicht haut Tigeren bännegen oder e Clown spillen.

Hätt Dir jeemols geduecht, datt Dir esou en héijen Alter kritt, a wéi erklärt Dir Iech dat?

Nee, ni. Ech hunn iwwerhaapt ni e Gedanken dorobber verluer. Mee eppes, wat ech ëmmer gesot hunn: „Ni an d’Altersheim.“ Elo op emol sëtzen ech awer an engem – a gutt versuergt! Ech hu Sport gemaach, ech si reegelméisseg schwamme gaang an ech hunn iwwer zéng Joer lang Judo gemaach. Ceinturne noire! An ech hunn duerno och nach fënnef Joer Aikido gemaach. Ech si fest iwwerzeegt, dass de Judo an den Aikido gehollef hunn, dass ech kierperlech nach ewell besser kann hëllefe wéi vill anere Leit hei. Dat verhënnert net, dass meng Been méi schwaach gi sinn. An natierlech de Verhalt. Mee dat passéiert jiddwerengem, deen al gëtt.

Dir waart ëmmer ganz positiv, lieft hei ëmgi vu Bicher, Biller an Affichen. Dat hält och lieweg!

Jo, sécher. Wann ee kann iwwert seng Aarbecht an iwwert säi Liewe schwätzen, dat ass gutt. Well soss verkënnt ee jo komplett. Ech ka mech liicht iwwerall upassen. Soubal ech an eng nei Situa-
tioun kommen, da kucken ech, wat ass hei positiv, wat ass hei negativ, an da sichen ech mer dat Positiivt eraus. Dat hunn ech vu mengen Elteren. Mäi Papp, deen hunn ech jo net méi kannt, mee dat muss en onverbesserlechen Optimist gewiescht sinn, a meng Mamm, déi och. Meng Mamm huet ëmmer gesongen a gelaacht. Owes ware mer all zesummen: d’Mamm, d’Tatta Wirsch an déi fënnef Kanner. An da souze mer ronderëm den Dësch an dann ass Mensch ärgere Dich nicht gespillt ginn oder Schwaarze Péiter an et ass gesonge ginn. Ech denken elo un ee Moment, do huet et da geheescht: „Wat sange mer dann elo?“– „O, sot mäi Brudder Ger: Komm, mir sangen d’Heidenröslein“. Ech als klenge Béifchen hat et nach ni gehéiert. Ech wosst net, wat et wär. Doch der böse Knabe bricht das Röslein. Du fänken ech un ze kräischen. Als klenge Bouf huet et mer leed gedoe fir déi Rous, déi net wollt gepléckt ginn an déi awer gepléckt ginn ass. An si hu mäi Liewe laang de Geck mat mir dofir gemaach, d’ganz Famill. Mir waren alleguerten ëmmer do fir mat deem aneren de Geck ze maachen, ouni béis ze sinn, an et ass doriwwer gelaacht ginn. Mäin nächste Bruder, onse Vic, dee war véier Joer méi al wéi ech a mir sinn der Rei no gebued ginn. All Kéier zwee beieneen. Meng Mamm hat mech an der Buedbidde sëtzen an onse Vic huet si geholl a mam Hënner op d’Kachmaschinn gesat. Déi war nach waarm. Do huet dee gebierelt! An deen ass säi Liewe laang domat gehänselt ginn. Do hu mer gesot: Mat dengem rouden Aarsch hues du duerno gutt an Afrika bei d’Afe gepasst (hie war fënnefanzwanzeg Joer am Kongo). Spéider war hien zu Wolz am Altersheim. An do hunn se him awer missen e Been erofhuelen, wéint Zocker. A kuerz drop krut en dat anert Been och ewechgeholl. E wollt grad de Lift ruffen, dunn ass e mat sengem Rullstull op de Réck gefall – well déi Been hu gefeelt als Gewiicht. En huet sech futti gelaacht doriwwer. Esou ware mir mateneen.

Ären Neveu, de Schrëftsteller Lambert Schlechter, ass och mëttlerweil am Altersheim…

Jo, an der Pescatore. Meng kleng Niece kënnt reegelméisseg mat hirem Mann samschdes bei mech iessen. An dee Mann muss och am Rullstull sëtzen. Fir d’éischt hat en en einfache Rullstull, dunn krut en en elektreschen. An ech hunn deen ale gierft. An elo virun e puer Méint huet de Lambert deen elektresche Rullstull kritt. Dunn huet hien sech direkt dra gesat an ass domat an d’Stad gefuer. Virum Roude Pëtz kruten se hien nach gestoppt (laacht).

Frédéric Braun
© 2026 d’Lëtzebuerger Land