Archiv

Feuilleton / Sproocherubrik.lu

Zoom op d’Sprooch

Zefridden a perplex

François Schanen
Ausgabe: 06.09.2019
De 5. Juli 2019 ass am Land mäi leschte Zoom op d’Sprooch erauskomm. Ech war deemools, wat de Stand vun den Études luxembourgeoises an eisem Land ugeet, eenegermoossen zefridden. Mee aacht Deeg duerno – wéinst engem Bréif un d’Redaktioun (d’Land, 12.07.2019) – war ech perplex. Ganz positiv …

Zoom op d’Sprooch

Wou si mer mam lëtzebuergesche Passiv drun?

François Schanen
Ausgabe: 05.07.2019
Dir hutt et vläicht selber schon an Uecht geholl! Wann ee Lëtzebuergesch enseignéiert, sief et als Mammesprooch oder Zweetsprooch, ass et méi einfach, e Sproochphänomen ze beschreiwen, wéi sech an der dagdeeglecher Praxis drun ze gewinnen. De lëtzebuergesche Passiv mat senger Grammatikaliséierung …

Zoom op d’Sprooch

Ech wollt froen, wat fir eng Negatioun richteg ass

François Schanen
Ausgabe: 07.06.2019
Am InfoDesk vum Site vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft ass d’Fro vun der Negatioun vun den Nationalitéiten onbeäntwert bliwwen. An enger Übung si véier Reie Beispiller zitéiert, wou all Kéier d’Negatiounsform net oder de Negatiounsartikel kee(n) oder déi zwee …

Zoom op d’Sprooch

Partizipen … a gelungener Behandlung

François Schanen
Ausgabe: 26.04.2019
Bestëmmt erwaart Der an dësem Zoom ee méi oder manner vollstännegen Exposé vun de lëtzebuergesche Partizipformen an hire verschiddene Funktiounen1. Do wär da rieds fir d’éischt vum Partizip I (Partizip Präsens), vum prozessuelle „Kursiv-Partizip“, dem säi Marker haut -(e)nd ass, sech awer …

Zoom op d’Sprooch

Eng nei Etapp fir d’Lëtzebuerger Orthographie

François Schanen
Ausgabe: 18.01.2019
Viru Kuerzem ass um Site vum CPLL (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise) en Dokument mat engem completéierte Reegelwierk vun der Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch erauskomm. Dëse Pabeier ass eng Propos, iwwer déi jiddwereen opgeruff war, bis 15. Januar 2019 säin Avis un de CPLL ze …

Zoom op d’Sprooch

Infinitiv(grupp) mat oder ouni „ze“

François Schanen
Ausgabe: 07.12.2018
Heiansdo ginn an de Klassenzëmmeren an de Sproocherubrike Päckelcher vu Froen iwwer déiselwecht Elementer an Aspekter vun eiser Sprooch gestallt. Sou zum Beispill a leschter Zäit iwwer déi lexikalesch Variante vum sougenannte Schnësse-Programm oder am Infodesk vun der Uni iwwer de Gebrauch vum …

Zoom op d’Sprooch

Wäerten: Pronosticsverb?

François Schanen
Ausgabe: 02.11.2018
Am InfoDesk vun der Uni Lëtzebuerg (eng Fro iwwer „wäerten“) versicht e Student d’Reegelen ze entdecken, wéini „wäerten“ eng sécher oder eng onsécher Ausso ausdréckt. Hie schreift: „Et gëtt Leit, déi steif a fest behaapten, soubal ee wäert benotzt, wier eng onsécher Zukunft gemengt.“ Am LOD awer …

Zoom op d’Sprooch

Nominalkategorien an Artikelwierder

François Schanen
Ausgabe: 05.10.2018
Vläicht gehéiert Dir zu deene Lieser, deene mäi leschte Zoom (d’Land, 14.09.2018) – wéi mir selwer – op d’Nerve gaangen ass. „Do kéint ee bal soen“, mengt e Kolleeg a senger E-Mail, „datt een alles behaapte kann, alles a souguer de Konträr vun der am Ufank kloer formuléierter ,Reegel’, déi mam …

Zoom op d’Sprooch

Déi jonk Fra an déi kleng Kanner heemelen dat wäisst Päerd

François Schanen
Ausgabe: 14.09.2018
Bei deenen intressante Froen am InfoDesk vun der Uni Lëtzebuerg (Infolux – Fuerschungsportal iwwert d’Lëtzebuergescht) kënnt et vir, datt eng ganz Rëtsch iwwert dat selwecht Thema grondsätzlech Problemer opwërft. Sou wäert a mengen zwéin nächste Zoomen d’Roll vun den Artikelwierder am …

Zoom op d’Sprooch

Vu Sproochkaart zu Sproochkaart

François Schanen
Ausgabe: 31.08.2018
An de leschten aacht Deeg huet mäin Handy méi dacks gerabbelt wéi an aneren übleche Summervakanzdeeg. Do wollt eng Post-Doktorandin fir d’éischt wëssen, wat ech vun der „intressanter neier Sproochvarianten-Initiativ vun e[i]ser UNI.LU“ (Lex Roth) géif halen, a besonnesch vun der App Schnëssen – Är …

Zoom op d’Sprooch

Schnëssen: Eis Sprooch wëssenschaftlech dokumentéieren

François Schanen
Ausgabe: 20.07.2018
A leschter Zäit ass hei am Land vill Rieds vun enger Smartphone-App mat engem komesch-lëschtegen Numm: Schnëssen. Se ass vu Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg entwéckelt ginn, fir Daten iwwert de Gebrauch vun der lëtze- buergescher Sprooch ze sammelen. „Zil vun der App Schnëssen – Är Sprooch fir …

Zoom op d’Sprooch

Nimm an Eegennimm als „friem“ Ausnamen

François Schanen
Ausgabe: 29.06.2018
Oh, déi léif Ausnamen, géif ech soen, an dann awer och direkt d’Orthographie vun enger Iwwerschrëft wéi „Briten am Brexit-Exil“ stoe loossen, also den Numm vun de Briten (een t), dat heescht de Bierger vu Groussbritannien (een t), déi de Brexit (een t) erliewen a vläicht – sou kéint ee mengen – …

Zoom op d’Sprooch

Hien hätt mer guer näischt bräichten ze schreiwen

François Schanen
Ausgabe: 11.05.2018
Vun alle méigleche Cadeauen – schéngt et – huet een déi am léifsten, déi ee sech selwer mécht. Dofir hunn ech mir fir Neijoerschdag 2018 d’Serie Smart Kremart 20 Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch geschenkt, an déi 20 Bichelcher (knapp 32 butzeg Säite fir all Auteur) an zwéin Deeg mat Genoss …

Zoom op d’Sprooch

Dat neit Gesetz: fir wien … ouni Hypokrisie

François Schanen
Ausgabe: 04.05.2018
Den 11. Januar 2018 huet d’Regierung de Projet de loi relatif à la promotion de la langue luxembourgeoise1 an der Chambre des députés op den Instanzewee bruecht. Op dësen Text mat den ­Avise vun der Uni Lëtzebuerg, vum Conseil vun der Lëtzebuerger Sprooch (CPLL), vun der Chambre des Métiers an der …

Zoom op d’Sprooch

Ee gudde Cru 2017/2018 fir d’Lëtzebuergesch ?

François Schanen
Ausgabe: 06.04.2018
Jo, wéi den 9. Mäerz 2017 d’Regierung hiren Text D’Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt huet, war ech och, wéi munch aner intresséierte Matbierger, iwwerrascht a liicht enttäuscht. Do haten sech dach am Joer virdrun déi zwou Sprooche-Petitiounen 698 a 725 (fir a …

Zoom op d’Sprooch

Postscriptum … no Lieserreaktiounen!

François Schanen
Ausgabe: 30.03.2018
Wat mir besonnesch a menger Sproocherubrik hei am Land gefält – de Zoom vun haut ass schonn deen 151.! – dat ass, datt d’Lieser op e Stéck vum Text reagéiere kënnen an duerno hirer eegener Meenung fräie Laf loossen. Da kënnt et alt vir, datt ech selwer no sou enger Lieserreaktioun wëlles hunn …

Zoom op d’Sprooch

Wat ass dann do esou schwéier?

François Schanen
Ausgabe: 19.01.2018
Wéi et schéngt, kréie mer elo schliisslech dach – wann d’Leit vun der Regierung hir Verspriechen halen1 – en Texte coordonné de l’orthographe luxembourgeoise. Versprach ass e schonn zënter 18 Joer, well et no der Reform vun 1999 direkt selbstverständlech war, datt den neien Text onbedéngt misst an …

Zoom op d’Sprooch

Déi nächst[e] Strooss ass déi bescht!

François Schanen
Ausgabe: 08.12.2017
Dës Kéier war et net besonnesch schwéier fir en neit Thema fir mäi Zoom ze fannen. Just menger Frëndin hir Mailbox opmaachen – a scho steet breet op mengem Écran déi einfach Fro: „Firwat soe mer meeschtens déi nächst Woch (Akk./Nom. am F. Sg.), awer déi nächste Kéier (Akk./Nom. F. Sg.)?“ Obschonn …

Zoom op d’Sprooch

Zesummen- oder getrenntgeschriwwen ?

François Schanen
Ausgabe: 03.11.2017
E puer Lieser hunn op de Zoom iwwer d’Stoff- respektiv d’Material-Konnexioun am Nominalgupp reagéiert1: Si hätten, soen si, spontan dat ondekli­néiert adjektivescht Element mat –s net getrennt geschriwwen, wéi dat am LOD de Fall ass. Esou zum Beispill hätten si e pabeiers Becher / Nuesschnappech, …

Zoom op d’Sprooch

E Beräich mat Variatioun: op de Méindeg, e Méindeg, um Méindeg

François Schanen
Ausgabe: 15.09.2017
Ech sinn eréischt zënter e puer Deeg an der Vakanz an hunn de Kapp nach voll Biller vu Versammlungen op Lëtzebuergesch oder iwwert d’Lëtzebuergescht, wou Spriecher sech géigesäiteg beléieren, wann net verbesseren. Do ass de Josy Braun zum Beispill 2003 zu Munneref an engem Orthographiescours: Hie …

Mehr Treffer …